Sich-Resultater fir: foire agricole

Foire Agricole 2020

Galerie mat 16 Fotoen.

Am Kader vun der digitaler Foire Agricole hunn d’Membere vun der LLJ haut de Leit e Picknick-Kuerf, eng Grillkëscht oder de Menu de Lux op 7 verschiddenen Take-Away-Plazen verkaf, respektiv un d’Leit ausgeliwwert. Mir soen alle Leit Merci fir hir … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Foire Agricole 2020

Digital Foire Agricole 2020 – fir Kanner a Jugendlech

Bedéngt duerch d‘COVID-19-Pandemie kann déi traditionell Foire Agricole Ettelbruck (FAE) dëst Joer net – wéi gewinnt – organiséiert ginn. Déi Verantwortlech hunn sech dofir ausgeschwat, fir se an digitaler Form unzebidden.

Si leeft deemno den 3. a 4. Juli 2020 iwwer d’Websäit vun der FAE; dat ënner www.fae.lu. Fir déi Interesséiert bidd sech do d’Méiglechkeet, sech duerch d‘Websäit ze klicken oder de Livestream mat Chatfunktioun vun 10:00 – 19:00 Auer ze suivéieren.

Digital Foire Agricole fir Kanner a Jugendlech

Och d’Kanner an déi Jugendlech solle bei dëser 1. digitaler FAE net ze kuerz kommen. An Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) an der Aktioun Fro de Bauer (LLJ) proposéieren déi Verantwortlech vun der FAE e spezielle Programm fir déi Kleng an déi Jonk.

Programm:

  • Ënner fae.lu sinn all d’Elementer (z.B. Videoen), déi vun den Exposante fir d’Kanner an déi Jugendlech ugebuede ginn, speziell markéiert.
  • Um Site kënnt Dir Iech virtuell duerch d‘Landwirtschaft klicken: B. 3D- Visitte mat Erklärungen aus dem Mëllech- a Schwäistall, de Kéi op der Weed, d’Geméisfeld, …
  • Freides, den 3. Juli 2020 ass vun 10h15 – 11h45 Auer ee speziellen animéierte Programm fir d‘Schoulklassen am Livestream virgesinn:

 

    • Erklärungen zur Lëtzebuerger Landwirtschaft mat Hëllef vun den 3D- Rondgäng a Videoen
    • E Gewënnspill mat engem adaptéierte Froebou fir all Cyclë mat engem flotte Gewënn. D’Äntwerten op d‘Froe fannt Dir um uewegenannte Site. D’Gewënnspill leeft bis freides, den 10. Juli 2020!

 

All Detailer zu dësem Programm fannt Dir ënner https://digital.fae.lu/kids/ (Wichteg: Dëse Link gëtt eréicht den 3. Juli 2020 aktivéiert). Dir braucht Iech net unzemellen; klickt einfach eran 🙂

 

 

LLJ, LLJ - Fro de Bauer | Comments Off on Digital Foire Agricole 2020 – fir Kanner a Jugendlech

Am Kader vum 60. Anniversaire – d’ONG op der Foire Agricole 2019

Galerie mat 110 Fotoen.

Am Kader vun der Foire Agricole 2019 Expo-Stand mat Informatioune ronderëm d’Kooperatiounsaarbecht, déi d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren zënter 1959 am Déngscht vun der ländlecher Bevëlkerung an Afrika leescht Gespréichsronne mat Bauerevertrieder aus dem Burkina Faso Kanneratelieren Afrikanesch Musek / Danz … Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Comments Off on Am Kader vum 60. Anniversaire – d’ONG op der Foire Agricole 2019

Foire Agricole fir Kanner

Foire Agricole fir Kanner a Jugendlecher (bis 15 Joer), e Freideg, de 5. Juli 2019


Wéi an deene vergaangene Jore bitt den Organisateur vun der Foire Agricole – an Zesummenaarbecht mat verschiddenen Aussteller:

  • de Schoulkanner vum Enseignement fondamental
  • de Schüler vun der 7e bis 5e vum Enseignement secondaire général
  • de Schüler vun der 7e bis 5e vum Enseignement secondaire classique

e Freideg, de 5. Juli 2019 (vun 09:00 – 15:00 Auer) eng Rei Atelieren un, fir hinnen d’Landwirtschaft, de ländleche Raum an d’Natur mat all hiren Diversitéite méi nozebréngen.

Workshops 2019 (Beschreiwung, Detailer, …): aktualiséiert Lëscht vum 12.06.2019


WICHTEG: D’Reservatioune vun den Ateliere kënne bis de 26. Juni 2019 (um 08:00 Auer) vum verantwortleche Léierpersonal online virgeholl ginn. Am Virfeld vun de Reservatiounen muss e Login ugefrot ginn: workshop.fae.lu

Aus organisatoresche Grënn kënne keng Aschreiwungen iwwer Telefon gemaach ginn. Mir bieden ëm deen neidege Versteesdemech.

 


LLJ | Comments Off on Foire Agricole fir Kanner

Table ronde am Kader vun der Foire Agricole (6. Juli 2019)

M. Philippe Lhoste, M. Marc Gansonré, M. Pol Faber, Mme Marie-Claude Marx

Am Kader vun der / dans le cadre de la Foire Agricole d’Ettelbruck invitéiere mir op eng / nous vous invitons à une

 

Table ronde

 

e Samschdeg, de 6. Juli 2019 um 11:00 Auer um Stand vun der LLJ a.s.b.l. Samedi 6 juillet 2019 à 11h00 sur le stand de l’association LLJ a.s.b.l.


Spriecher / Intervenants M. Marc GANSONRÉ, Secrétaire général CPF & FEPAB M. Pol FABER, Ingénieur agronome, expert en agriculture, environnement et développement M. Philippe LHOSTE, Agronome, zootechnicien, expert en traction animale Mme Marie-Claude MARX, Vice-présidente de l’ONG

Moderatioun / Modération : Nadine Gautier


Thema: De Klimawandel a säin Impakt op déi landwirtschaftlech Familljebetriber am Burkina Faso


Thème: Le changement climatique et son impact sur l’agriculture familiale au Burkina Faso


Sprooch / Langue utilisée:

Lëtzebuergesch mat Iwwersetzung an d’Franséischt fir d’Spriecher, déi sech hirersäits am Franséischen ausdrécken (ouni Iwwersetzung)  / Luxembourgeois, avec traduction française pour les intervenants, qui eux s’expriment en français (sans être traduits).

 

LLJ – Service Coopération | Comments Off on Table ronde am Kader vun der Foire Agricole (6. Juli 2019)

Table ronde am Kader vun der Foire Agricole (7. Juli 2019)

En haut: M. Philippe Lhoste, Mme Paulette Lenert, M. Marc Gansonré / En bas: M. Carlo Schiltges, M. Romain Schneider, M. Marc Roeder


Am Kader vun der / dans le cadre de la Foire Agricole d’Ettelbruck
invitéiere mir op eng / nous vous invitons à une

Table ronde

 

e Sonndeg, de 7. Juli 2019 um 11:00 Auer um Stand vun der LLJ a.s.b.l.
Dimanche 7 juillet 2019 à 11h00 sur le stand de l’association LLJ a.s.b.l.


Spriecher / Intervenants

Mme Paulette LENERT, Ministre de la Coopération et de l’Action humanitaire
M. Romain SCHNEIDER, Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Dév. rural
M. Marc GANSONRÉ, Secrétaire général CPF & FEPAB
M. Philippe LHOSTE, agronome, zootechnicien, expert en traction animale
M. Marc ROEDER, Président LLJ a.s.b.l.
M. Carlo SCHILTGES, Vice-président de l’ONG

Moderatioun / Modération : Nadine Gautier


Thema: D’Ënnerstëtzung vum Asaz vun Aarbechtsdéieren an de Familljebetriber am Burkina Faso


Thème: La traction animale dans les projets d’appui à l’agriculture familiale au Burkina Faso


Sprooch / Langue utilisée:

Lëtzebuergesch mat Iwwersetzung an d’Franséischt fir d’Spriecher, déi sech hirersäits am Franséischen ausdrécken (ouni Iwwersetzung)  / Luxembourgeois, avec traduction française pour les intervenants, qui eux s’expriment en français (sans être traduits).


LLJ – Service Coopération | Comments Off on Table ronde am Kader vun der Foire Agricole (7. Juli 2019)

Groussen Engagement op der Foire Agricole 2018

Galerie mat 46 Fotoen.

Impressioune vum groussen Engagement vun de Membere vun der „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“ um 1. Dag vun der Foire Agricole (29/06/2018) an den Däichwisen zu Ettelbréck: Accueil vun de bal 200 Schoulklassen (iwwer 3.000 Kanner a Jugendlecher, Féierunge vun de … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Comments Off on Groussen Engagement op der Foire Agricole 2018