Informatiounen zur Kooperatiounsaarbecht vun der ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération fannt dir am ONG.News 2023.
Download: http://jongbaueren.lu/wp-content/uploads/2023/04/ONG.News-2023_web-4.pdf
Informatiounen zur Kooperatiounsaarbecht vun der ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération fannt dir am ONG.News 2023.
Download: http://jongbaueren.lu/wp-content/uploads/2023/04/ONG.News-2023_web-4.pdf
Galerie mat 2 Fotoen.
E puer Impressiounen vun der Generalversammlung 2023 (AG) vun eiser ONG, déi den 22. Mäerz am Festsall An Haffen zu Wickreng ofgehale konnt ginn. Mir soen der Famill Majerus-Clemes e grousse MERCI, déi äis hir schéi Raimlechkeeten nees gären … Weider liesen
E grousse Merci un d’ Landjugend Zenter fir déi schéi Geste vu Solidaritéit: op hirer Generalversammlung hunn si Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération asbl 2.500 Euro fir d‘Kooperatiounsaarbecht an Afrika zoukomme gelooss. An dëse schwieregen Zäiten, an deenen déi vulnerabelst Populatiounen op der Welt als éischt d’Konsequenze vu Katastrophen ze spiere kréien, huet d’Landjugend Zenter op en Neits hir Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso zum Ausdrock bruecht.
Galerie mat 20 Fotoen.
Les premiers élèves de la formation « construction-maçonnerie » apprennent à tracer des plans de fondation sur le sol. Ils sont actuellement 67 élèves, dont 15 filles, à se préparer ainsi au monde du travail au sein du lycée d’enseignement professionnel de Zambélé, un nouveau lycée construit avec le soutien de l’ONG Service Coopération dans une zone rurale défavorisée du Burkina Faso.
Vous souhaitez soutenir les jeunes élèves ? Déjà quelques euros nous permettent de leur fournir du matériel de bonne qualité, par exemple des marteaux, des boîtes à outils …
Pour 10 € : une paire de gants ou un marteau de maçon
Pour 20 € : un casque de protection
Pour 30 € : une caisse à outils ou une paire de chaussures de protection
Faites un don à Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Service Coopération a.s.b.l.
CCPLLULL: IBAN LU05 1111 0050 3083 0000 ou CCRALULL: IBAN LU32 0090 0000 0157 8004
Votre don est déductible des impôts.
Un grand MERCI d’avance pour votre aide !
E Sonndeg,den 20. November 2022 huet d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) op hiren traditionelle Jongbauerendag an de Lycée Technique Agricole zu Gilsdref invitéiert.
Fir eng zweete Kéier gouf hei zu Gilsdref am Festsall de wuel wichtegsten Owend vun der LLJ a.s.b.l. präsentéiert, deen och nees live op de Soziale Medien iwwerdroe ginn ass, fir déi Leit déi de Wee an de Lycée Technique Agricole net konnten op sech huelen.
Den Här Äerzbëschof, S. Em., Jean-Claude Card. Hollerich, huet sengersäits alleguerten d’Nolauschterer begréisst a säi Grousswuert u d’Leit geriicht.
Uschléissend hunn d’Marthe Bourg an de Charel Welbes, Membere vum Aarbechtsgrupp „Agrarpolitik“, déi agrarpolitesch Stellungnam virgedroen, wou si d’Gedanken an d’Doleancë vun eise Memberen ugeschwat hunn. Dës Punkte sinn an der Table ronde duerno nees opgegraff an diskutéiert gi vun eisen Invitéen.
Zum Schluss huet de Landwirtschaftsminister Claude Haagen d’Wuert ergraff a puer weider Informatiounen an Erklärunge ginn zu den ugeschwaten Themen.
E bildleche Réckbléck vum Jongbauerendag 2022 zu Gilsdref an der Akerbauschoul. De Programm war gutt gefëllt an et konnt een villes mathuelen vun dësem gelongenen Owend. Allen Participaten e grousse Merci!
Galerie mat 64 Fotoen.
E Sonnden den 30. Oktober 2022 huet d‘Landjugend Cliärref de 4. Kéier en „Dag vun der Kooperatioun“ op d‘Bee gestallt. Den Erléis fléisst direkt an d‘Projete vun der ONG LLJ – Service Coopération a.s.b.l. E ganz grousse Merci fir de … Weider liesen