Furen

Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer
Furen a.s.b.l.

Déi Furener – Kléng awer staark

Och wann d’Landjugend Furen vläicht déi kléngsten vun deene siewe Landjugendgruppen ass, sou heescht dat awer nach laang net datt mir kéng dynamesch Equipe sinn. E kuerzen Abléck an dee gutt gefëllte Programm mat regionalen a nationalen Aktivitéiten beweist dat.

Sou gehéiert mëttlerweil d’Chrëschtbamaktioun zum feste Bestanddeel vun eisem jährlechen Aktivitéitskalenner. Den Erléis vun dëser Sammelaktioun, déi mir an eiser Gemeng organiséieren, kënnt ëmmer enger gudder Saach zegutt. Am Joer 2006 hu mir domat d’Entwécklungszesummenaarbecht vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer zu Gonschte vun der ländlecher Bevölkerung an Afrika ënnerstëtzt. Dëst Joer hu mir eisen Don der Fondation des Portes ouvertes, déi hei zu Lëtzebuerg täteg ass, zoukomme gelooss.

D’Fuesend si mir mat eise Ween um Dill an eiser Kreativitéit ass da kéng Grenzen gesat. Eemol am Joer stellen d’Künstler ënner äis sech op d’Theaterbühn a beweisen hiert Talent. Doniewend verlaangt d’Renovatioun vun eisem Sëtz, dem “Bau” zu Furen, de regelméissegen Asaz vun eise Memberen.

Ob nationaler Basis si mir natierlech och gäeren dobäi. Sou hu mir bei de Landjugend-Power-Aktiounen schonn e puer Mol gewisen wat an äis stécht. Bei dëse benevolen Aktiounen geet et drëm fir a 36 Stonnen eng Aarbecht am Dingscht vun der Allgemengheet ze realiséieren, déi déi eenzel Gemengen der Landjugend proposéiert. Bei der regionaler Landjugend-Power-Aktioun konnt vun deene “Furener” zu Bastenduerf e Beach-Volleyball-Terrain an zu Furen en Arboretum ugeluegt ginn. Zu Stolzebuerg ass den Agang vun der Koffergrouf an deemselwechte Kader iwwerdéckt ginn. Bei der gemeinsamer nationaler Landjugend-Power-Aktioun am Joer 2005 huet déi Furener Landjugend sech aktiv um Plangen an un der Realisatioun vum Mini-Héichseelgaart zu Heischent bedeelegt.

Niewent all dësen Aktivitéiten bidde mir eise Memberen awer och nach eng Hellewull vun anere Fräizäitméiglechkeeten un, déi mir oft spontan organiséieren, wéi Karting fueren, Keele spillen, Kino, Touren am In- an Ausland, …

Coenjaerts Patrick
Prësident

Comments are closed.