Kooperatiounsvisiten

dsc_3799Regelméisseg bidden déi Verantwortlech vun der ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.” de Memberen vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” (LLJ) d’Méiglechkeet un, fir sech un enger sougenannter Visite de coopération ze bedeelegen an domat e konkreten Abléck an d’Entwécklungszesummenaarbecht am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung an Afrika ze kréien.

An den Ënner-Rubriken blécke mir op d’Reesen zréck, déi a folgende Joren organiséiert goufen:

2007: Bénin
2012: Burkina Faso
2014: Kamerun
2016: Kamerun

Eng nächst Visite de coopération mat engem Grupp vu Jonke vun der LLJ steet fir 2017 um Programm. Vum …………………………………………….. fueren si mam Abbé Romain Richer, President vun der ONG, an de Burkina Faso, wou si niewent der Visite vu Projeten – déi mat der Ënnerstëtzung vun der ONG ëmgesat goufen – Land a Leit kënnen a schätze léiere wäerten.

 

Comments are closed.