Den Aarbechtsgrupp „Agrarpolitik“, deen aus Membere vun der LLJ, awer och aus Membere vun de regionale Gruppe besteet, beschäftegt sech – wéi de Numm et scho seet – virun allem mat der Agrarpolitik, awer net nëmmen. Nieft der Agarpolitik op lëtzebuergeschem, europäeschem a weltwäitem Niveau ginn hei och ëmmer nees Themen ugeschwat wéi beispillsweis déi neitsten technesch Entwécklungen, sou dass d’Membere sech hei géigesäiteg ënnerstëtze kënnen.

Si schaffe Stellungen aus, huelen u beruffsspezifesche Versammlunge mat Verwaltungen a Ministèren am Numm vun der LLJ deel, a schaffe mat u Programmer fir d’Zukunft vum Jongbauer. Si stinn awer och fir hir Rechter an a wéisen, munchmol och mat Hëllef vun de Beruffskolleegen aus dem noen Ausland, dass een net alles mat hinne maache kann. Sou kann dann och innerhalb vu kierzester Zäit eng Protestaktioun aus dem Näischt organiséiert ginn, wann et dann onbedéngt néideg ass, fir op politeschem Niveau Gehéier ze fannen.

Hiert gréissten Event wärend dem Joer ass awer ouni Zweifel, d’Stellungnam fir de Jongbauerendag ze schreiwen, hei ass vill Zäit a Kreativitéit gefuerdert fir ëmmer nees op en Neits der Politik eist Uléies mat op de Wee ze ginn.

Eng aktuell Memberslëscht vum Grupp fannt Dir hei

Charel Ferring

President

Membren

  • Raoul Barthelemy
  • Camilya Berriri
  • Marthe Bourg
  • Charel Braun
  • Charel Cannivé
  • Georges Ernzer
  • Sven Fourmann
  • Jan Friedrich
  • Henri Heger
  • Max Hubert
  • Marc Jacobs
  • Daniel Mergen
  • Jérôme Reuter
  • Ben Schmitgen
  • Sara Thill
  • Jil Thorn
  • Charles Welbes
  • Christian Zimmer

Hei fannt dir déi aner Aarbechtsgruppen

Fro de Bauer

Opklärung vu landwirtschaftleschen Themen

LLJ.News

d’Redaktioun an d’Zesummesetzung vun der Verbandseitung

Groupp Anciens

D’Verbindung tëscht fréiere Memberen stäerke a sech aktiv am Liewe vun der LLJ engagéieren.

Grupp Zuucht

D’Passioun fir d’Zuucht fërderen an Aktivitéite fir jonk Ziichter organiséieren.

Secret Link
Kontaktéiert eis