Den Aarbechtsgrupp „Fro de Bauer“ ass ee jonken dynamesche Grupp bestoend aus Jongbaueren a jonke Memberen déi ee starken Interessi un der Landwirtschaft hunn, deen sech zum Zil gesat huet, d’Opklärung vu landwirtschaftleschen Theme virunzedreiwen. Gegrënnt gouf dësen Aarbechstgrupp am Joer 2016. Op Initiativ vun der LLJ an an Zesummenaarbecht mam Leader Éislek, Leader Lëtzebuerg-West a Leader Mëllerdall gouf am Joer 2018 een neie Projet an d’Liewe geruff mam Haaptzil vun der Sensibiliséierung vun de Primärschoulkanner, virun allem am Cycle 4 – dem 5. a 6. Schouljoer, hinnen soll d’Landwirtschaft an d’Produktiounsweeër nees méi nobruecht ginn.

Den aktuell gréisste Projet besteet och haut nach ëmmer doranner de Schoulkanner eis lëtzebuerger Landwirtschaft nees ee gutt Stéck méi nozebréngen an hinnen déi aktuell Produktiounsbedéngungen hei zu Lëtzebuerg ze erklären. Wärend dem Schouljoer, ginn eis mëttlerweil 3 Mataarbechterinnen 2 Mol bei d’Schüler an hir Klassen, dat fir jeeweils 2 Stonnen. Hei ginn dann Theme behandelt wéi beispillsweis de Saisonskalenner, regional a saisonal Uebst a Geméis, déi verschidde Labelen aus der Landwirtschaft, Anti-Gaspi, Mëllech awer och den Akerbau an d’Fleesch- an d’Eeërproduktioun hei zu Lëtzebuerg.

Als groussen Highlight a wichtegste Punkt vum Projet, hunn d’Kanner dann zum Schluss vum Schouljoer d’Méiglechkeet bei ee Bauer an hirer Emgéigend op den Haff kucken ze goen. Sou kommen si dann och a Kontakt mat den Déieren, déi um Haff sinn a kënnen een Abléck an déi richteg Landwirtschaft hei zu Lëtzebuerg kënnen ze geheien. Hei hunn d’Kanner déi grouss Chance, dem Bauer direkt kënnen déi Froen ze stellen, déi hinnen um Häerz leien.

Mee net nëmmen dat ass “Fro de Bauer” – sou sinn si och op enger jett Foiren am Land ënnerwee, wéi zum Beispill der FAE, wou si och deene méi Groussen d’Landwirtschaft nees e Stéck méi nobréngen, well Aussoe wéi „wourunner mierken ech, dass ech d’Gromper kann aus dem Buedem huelen?“ si bei den Erwuessene keng Seelenheet.

Déi aktuell Zesummesetzung vum Grupp fannt Dir hei

Hei fannt dir déi aner Aarbechtsgruppen

LLJ.News

d’Redaktioun an d’Zesummesetzung vun der Verbandseitung

Agrarpolitik

D’Interesse vun de Jongbauere vertrieden an d’Agrarpolitik matgestalten.

Groupp Anciens

D’Verbindung tëscht fréiere Memberen stäerke a sech aktiv am Liewe vun der LLJ engagéieren.

Grupp Zuucht

D’Passioun fir d’Zuucht fërderen an Aktivitéite fir jonk Ziichter organiséieren.

Secret Link
Kontaktéiert eis