Dee leschten Aarbechtsgrupp, deen sech viru kuerzem réischt gebilt huet, ass de Grupp vun eisen Ancienen. Häerzlech de “Bingos-Club” genannt, hunn sech eng Partie Ancienen zesummegedoen an dëse Grupp gegrënnt. Mat ronn 90 Memberen, ass dëse Grupp nawell rasant gewuess an huet immense Succès! Well sou wierklech lassloossen, dat kann ee bei der LLJ ni.
Zil vun dësem Grupp ass d’Weiderfuere vun der Gemeinschaft, och wann een net méi grad sou aktiv ass an der LLJ oder engem regionale Landjugendgrupp. Et gi vill flott familljefrëndlech Aktivitéiten ugebueden, wéi Schlittschongfueren, Bowling-Owend oder och zum Beispill an ee Fräizäitpark goen. Natierlech ginn och hei méi “Erwuessen”-Aktivitéiten ugebueden – sou geet et zum Beispill och mol Béier brauen.
Mee och si hëllefen op nationaler Basis ëmmer nach eng Hand mat upaken, wann et gebraucht gëtt, ganz getrei dem Motto “eemol Landjugend ëmmer Landjugend”: Sou zerwéieren si zum Beispill den Éierewäin um Jongbauerendag.
D’Zesummesetzung vun hirem Comité fannt Dir hei
Romain RICHER
President
Tessy RUPPERT
Sekretärin
Véronique PATZ
Tresorière
Memberen
Max Blom-Peters
Pol Majerus
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Lëtzebuerg
| Méindeg | 07h00 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Dënschdeg | 07h30 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Mëttwoch | 07h00 – 12h30 & 12h30 – 16h00 |
| Donneschdeg | 07h30 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Freideg | 09h00 – 14h00 |
Schreift Iech an, fir eis jäerlech Publikatioun ze kréien
© 2026 Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. — All Rechter virbehalen.