D’Grupp Zuucht ass eng Aarbechtsgrupp vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. – , déi jonken Zuucht- a Veihbegeeschterten aus dem ganze Land d’Méiglechkeet bitt, sech iwwert verschidden Theme ronderëm d‘Zuucht vu Mëllechvéirassen auszetauschen.
De Moment ziele si ronn 25 aktiv Memberen, mat deene si ca. 7-10 Versammlungen am Joer ofhalen. Dës Versammlunge sinn an der Reegel am Convis-Gebai zu Ettelbréck, an déngen engersäits dozou, Aktivitéiten ze organiséieren, anerersäits diskutéiere si awer och iwwer aktuell Zuuchtthemen.
Hir Haaptaktivitéit ass d’Organisatioun vum Luxembourg Summer Classics Junior Open (kuerz LSCJO), een internationale Ranner- a Jongziichterconcours, deen am Kader vun der Foire Agricole stattfënnt. Aner Aktivitéite si Betribsvisitten am In- an Ausland, Ausstellungen a Steeën am Ausland besichen, sportlech Aktivitéiten wéi Lasergame oder Kart fueren, …
Eng aktuell Memberslëscht vum Grupp fannt Dir hei
D’Verbindung tëscht fréiere Memberen stäerke a sech aktiv am Liewe vun der LLJ engagéieren.
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Lëtzebuerg
| Méindeg | 07h00 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Dënschdeg | 07h30 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Mëttwoch | 07h00 – 12h30 & 12h30 – 16h00 |
| Donneschdeg | 07h30 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Freideg | 09h00 – 14h00 |
Schreift Iech an, fir eis jäerlech Publikatioun ze kréien
© 2026 Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. — All Rechter virbehalen.