Den Aarbechtsgrupp vun der Verbandszeitung – genannt LLJ.News – stellt sech aus Membere vun der LLJ an awer och aus Membere vun de regionale Landjugendgruppen zesummen. Haaptzil vun dësem Aarbechtsgrupp ass et – wéi soll et och hei anescht sinn – d’Redaktioun an d’Zesummesetzung vun der Zeitung.
D’Zeitung kënnt momentan 4 Mol pro Joer eraus, genee esou oft trëfft sech dann och dësen Aarbechtsgrupp. Am Virfeld gëtt awer d’Zesummestellung diskutéiert, wat soll dra kommen a wat misst onbedéngt thematiséiert ginn. Hei gëtt dann zesumme gekuckt wat dru kënnt, et gëtt sech ëm d’Texter schreiwe gekëmmert, mee och d’Organisatioun vum Material aus den aneren Aarbechtsgruppen oder regionale Landjugendgruppen gëtt opgedeelt an ass ee grousse Posten an dësem Aarbechtsgrupp.
Nom Finissage vum Büro, trëfft sech de Grupp an zesumme gëtt nach eng Kéier alles genee ënnert d’Lupp geholl, iert d’Zeitung dann iwwert den digitale Wee un d’Membere verdeelt gëtt. Mee net nëmmen d’Verbandszeitung gëtt duerch dëse Grupp erstallt, och Artikelen an aneren Zeitungen oder och eisen Newsletter, gëtt vun de Memberen aus dësem Grupp erstallt.
Eng aktuell Memberslëscht fannt Dir hei
Jil THORN
President
Tatjana HERR
Rédaction
Membren
D’Verbindung tëscht fréiere Memberen stäerke a sech aktiv am Liewe vun der LLJ engagéieren.
D’Passioun fir d’Zuucht fërderen an Aktivitéite fir jonk Ziichter organiséieren.
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Lëtzebuerg
| Méindeg | 07h00 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Dënschdeg | 07h30 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Mëttwoch | 07h00 – 12h30 & 12h30 – 16h00 |
| Donneschdeg | 07h30 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Freideg | 09h00 – 14h00 |
Schreift Iech an, fir eis jäerlech Publikatioun ze kréien
© 2026 Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. — All Rechter virbehalen.