Eis Associatioun bréngt jonk Leit aus dem ländleche Raum zesummen, fir hir perséinlech, berufflech, sozial, kulturell a spirituell Entwécklung ze fërderen.
Zesumme setze mir eis fir d’Landwirtschaft, de Wäibau, d’Entwécklung vum ländleche Raum an déi international Zesummenaarbecht an. Dobäi vertriede mir d’Interesse vun eise Memberen zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus.
D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) besteet aus siwen autonome Regionalgruppen, déi hir Vertrieder fir déi verschidden Nationalcomitéë bestëmmen: Cliärref, Dikrech, Fouhren, Gréiwemaacher, Süden, Uewersauer an Zenter.
D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) baséiert op staarke Wäerter an engem konkreten Engagement fir déi jonk Leit aus dem ländleche Raum. Eis Ziler si villfälteg a spigelen eist Zil erëm, eis Memberen ze forméieren, ze ënnerstëtzen an ze stäerken, fir datt si sech an alle Beräicher vun hirem perséinlechen, berufflechen a soziale Liewe weiderentwéckele kënnen.
Déi Jonk aus dem ländleche Raum zesumme bréngen, hir perséinlech Kompetenzen an de professionellen, sozialen, kulturellen a reliéise Beräicher ze stäerken a Perspektiven ze bidden
Politesch neutral, onofhgängeg an demokratesch ënnerstëtze mir eis Memberen – fir eis ass d‘Fërderung vun de Wäerter, Iddien an Objektiver vun de Memberen, onofhängeg vun hirem Wunnuert, besonnesch am moraleschen, finziellen an/oder professionellen Asaz eng wichteg Saach.
Verantwortung iwwerhuelen ee fir deen aneren – mat eisem Zesummeschaffe gi mir deene Jonken d’Méiglechkeet sech selwer auszeprobéieren, awer och Verantwortung, Respekt an Toleranz géigeniwwer aneren ze léieren.
D‘Engagement an der humanitärer Aarbecht an der Entwécklungs-Zesummenaarbecht ze fërderen an am Sënn vun eiser ONG-D Service Coopération Hëllef ze leeschten.
An der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) kommen a verschiddenen Aarbechtsgruppe ronderëm wichteg Themen aus der Landwirtschaft an der ländlecher Entwécklung zesummen. Dës Aarbechtsgruppen erméiglechen et, Iddien auszetauschen, Erfarungen ze deelen a konkret Projeten auszeschaffen, fir d’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg weiderzebréngen.
D’Verbindung tëscht fréiere Memberen stäerke a sech aktiv am Liewe vun der LLJ engagéieren.
D’Passioun fir d’Zuucht fërderen an Aktivitéite fir jonk Ziichter organiséieren.
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Lëtzebuerg
| Méindeg | 07h00 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Dënschdeg | 07h30 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Mëttwoch | 07h00 – 12h30 & 12h30 – 16h00 |
| Donneschdeg | 07h30 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Freideg | 09h00 – 14h00 |
Schreift Iech an, fir eis jäerlech Publikatioun ze kréien
© 2026 Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. — All Rechter virbehalen.