De Präsidium setzt sech aus 2 Nationalpresidenten an 3 Vize-Nationalpresidenten zesummen. Den Nationalcomité wielt nei Vertrieder fir de Präsidium, dëst ëmmer am Wiessel fir eng Kontinuitéit ze hunn. Zënter der Statutenännerung am Joer 2016 stinn ëmmer 2 Presidenten un der Spëtzt vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren.
Si vertrieden zesummen d’Interessien an d’Theme vum Nationalcomité, awer och de Membere vun der LLJ no baussen an treffe sech reegelméisseg.
Um Landjugenddag 2025 zu Biereng bei Miersch huet d’Jil offiziell d’Charge vun der Nationalpresidentin iwwerholl. Domat ass hat d’Nofollgerin vum Marthe Bourg. D’Jil ass fir alles zoustänneg wat de Volet vun der Landjugend ugeet a leet domat och ënner anerem den Aarbechtsgrupp vun der Zeitung
Zënter Juli 2023, ass de Charel vum NC als Nationalpresident ernannt ginn an huet domat d’Relève vum Luc Emering iwwerholl. Hien ass zoustänneg fir de Beräich vun de Jongbaueren, an domat dann och Haaptuspriechpartner fir alles wat Agrarpolitik ugeet.
De Sam huet am Abrëll 2025 de Poste vum Vize-Nationalpresident iwwerholl. Hien ënnerstëtzt d’Jil am Volet vun der Landjugend an an alle Belange vun de Memberen.
Als Vize-Nationalpresidentin ass d’Sara och am Joer 2023 säin Amt ugetrueden an ënnerstëtzt de Charel am Volet vun de Jongbaueren. D’Sara ass awer och mat anere Memberen eis Vertriederin am Jugendrot an ass domat och op politeschem Territoire eis Stëmm no baussen.
Zënter November 2011 ass de Romain eisen Nationalaumônier an ass domat an d’Relève vum Leo Wagener getrueden. Als Aumônier an als President vun eiser ONG-D Service Coopération erfëllt hien ee wichtege Posten innerhalb vun eiser Struktur an ass virun allem mat engem oppenen Ouer fir jidderee vun eis do.
Entdeckt eis Geschicht, d’Mënschen, déi eis representéieren, an eis Aktivitéiten a Biller.
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Lëtzebuerg
| Méindeg | 07h00 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Dënschdeg | 07h30 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Mëttwoch | 07h00 – 12h30 & 12h30 – 16h00 |
| Donneschdeg | 07h30 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Freideg | 09h00 – 14h00 |
Schreift Iech an, fir eis jäerlech Publikatioun ze kréien
© 2026 Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. — All Rechter virbehalen.