Eise Comité 2026–2027

Präsident
John BERLO
Vize-Präsident
Bob SAUBER
1. Sekretär
Patrick DE LEEUW
2. Sekretär
Henri HEGER
Trésorière
Lisa ZENNERS
Member
Amy THINNES
Member
Mattis MAINZ
Member
Joe JAAS
Member
Jil PLETGEN

Iwwert

Déi Furener – Kleng awer staark

Och wann d’Landjugend Furen vläicht déi klengste vun deene siwe Landjugendgruppen ass, sou heescht dat awer nach laang net datt mir keng dynamesch Equipe sinn. E kuerzen Abléck an dee gutt gefëllte Programm mat regionalen a nationalen Aktivitéite beweist dat.
Sou gehéiert mëttlerweil d’Chrëschtbamaktioun zum feste Bestanddeel vun eisem järlechen Aktivitéitskalenner. Den Erléis vun dëser Sammelaktioun, déi mir an eiser Gemeng organiséieren, kënnt ëmmer enger gudder Saach zegutt. Am Joer 2006 hu mir domat d’Entwécklungszesummenaarbecht vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren zugonschte vun der ländlecher Bevëlkerung an Afrika ënnerstëtzt.

D’Fuesent si mir mat eise Ween um Dill an eiser Kreativitéit sinn da keng Grenze gesat. Eemol am Joer stellen d’Kënschtler ënner äis sech op d’Theaterbün a beweisen hiert Talent. Doniewent verlaangt d’Renovatioun vun eisem Sëtz, dem “Bau” zu Furen, de reegelméissegen Asaz vun eise Memberen.

Op nationaler Basis si mir natierlech och gären dobäi. Sou hu mir bei de Landjugend-Power-Aktioune schonn e puer Mol gewise wat an äis stécht. Bei dëse benevollen Aktioune geet et drëm fir a 36 Stonnen eng Aarbecht am Déngscht vun der Allgemengheet ze realiséieren, déi déi eenzel Gemengen der Landjugend proposéieren. Bei der regionaler Landjugend-Power-Aktioun konnt vun deenen “Furener” zu Baastenduerf e Beach-Volleyball-Terrain an zu Furen en Arboretum ugeluecht ginn. Zu Stolzebuerg ass den Agang vun der Koffergrouf an deemselwechte Kader iwwerdeckt ginn. Bei der gemeinsamer nationaler Landjugend-Power-Aktioun am Joer 2005 huet déi Furener Landjugend sech aktiv um Plangen an un der Realisatioun vum Mini-Héichseelgaart zu Heischent bedeelegt.

Niewent all dësen Aktivitéite bidde mir eise Memberen awer och nach eng Hellewull vun anere Fräizäitméiglechkeeten un, déi mir oft spontan organiséieren, wéi Karting fueren, Keele spillen, Kino, Touren am In- an Ausland, …

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Cliärref a.s.b.l.5, Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Uewersauer a.s.b.l.

5, Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Furen a.s.b.l.

5, Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Zenter a.s.b.l.

5, Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Dikkrich a.s.b.l.
5, Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Maacher a.s.b.l.
5, Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Süden a.s.b.l.

5, Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg

Secret Link
Kontaktéiert eis