Eise Comité 2026–2027
Nodeems de Landjugendgrupp aus dem Dekanat Betzder am Joer 1974 opgeléist ginn ass, sinn d’Memberen an d’Landjugend aus dem Dekanat Gréiwemaacher opgeholl ginn. Doraus ass dunn d’Lëtzebuerger Landjugend Dekanat Osten entstanen. Spéiderhin ass sech op d’Bezeechnung Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Maacher gëeenegt ginn, fir esou d’Verbonnenheet mat der nationaler Jugendorganisatioun Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. auszedrécken.
Zu den Ziler vun der nationaler Associatioun gehéiert den Encadrement vun deene Jonke vum Land, fir hir perséinlech Kapazitéiten um professionellen, sozialen, reliéisen a kulturelle Plang ze fërderen.
Fir den Ulass vun der 90 Joer Feier vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. hu mir mat enge ronn 90 Trakteren eng Foto gemaach. Mir sinn immens houfreg op d’Resultat vun dësem Projet. Fir datt de Grupp sech finanziell droe kann, steet ënner anerem all Joer eis traditionell Après-Ski Party um Programm, déi mir ëmmer Buergsamsdeg zu Hierber an der Scheier feieren.
Gären denke mir un de 45. Landjugenddag zu Berbuerg zréck, dee mir 2019 op d’Been gestallt hunn. Vill Zäit hu mir mat der Organisatioun vun dësem Evenement verbruecht. Virun allem an der Woch ronderëm den Dag vu Christi Himmelfaart hu mir quasi déi ganzen Zäit zu Berbuerg verbruecht. Mee d’Resultat léist sech weisen! Hei e puer Zuele vun eisem Landjugenddag:
Virun allem awer och dee ville positive Feedback vun de Leit, déi deelgeholl hunn an och vun dem Gemengen- a Schäfferot vun der Gemeng Manternach huet eis gewisen, dass sech déi vill Aarbecht awer definitiv gelount huet.
Jonk an dynamesch Ekipp
Am Moment zielt d’Landjugend Maacher ronn 100 Membere mat engem Duerchschnëttsalter vun 20 Joer bei deenen Aktiven. Dat weist drop hin, datt mir eng jonk an dynamesch Equipe sinn.
Zousätzlech zu dësen Aktiounen ënnerstëtze mir och ëmmer gären d’Entwécklungsaarbecht vun der ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l. zugonschte vun der ländlecher Bevëlkerung an Afrika. Bei der 60 Joer Feier vun der ONG hu mir vun der Geleeënheet profitéiert, fir si un eisem Benefice vum Landjugenddag zu Berbuerg deelhuelen ze loossen an hunn hinnen ee Scheck iwwer 5.000 Euro iwwerreecht.
Eng sëllege Fräizäitaktivitéiten ënnerhuele mir zesummen– wéi Keele spillen, Waasserschi/Banann fueren, Theaterstécker kucken, Schlittschong fueren an op d’Schueberfouer goen. Och d´Fuesent si mir zesumme vill ënnerwee. Do investéiere mir ëmmer vill Zäit an Aarbecht, fir e flotte Fueswon op d’Been ze stellen an un Ëmzich deelzehuelen.
Am Fréijoer steet oft en Inlandtour um Programm, wou mir eise Memberen e flotten a léierräichen Dag mat Visitte vu modernen a fortschrëttleche Betriber ubidden. Hei ware mir zum Beispill de Betrib vum Jeff Reiff op Bënzelt kucken, waren a Kellereien, hunn u Wäindegustatiounen deelgeholl a ware Kart fueren.
Säit längerem organiséiere mir net méi d‘Chrëschtmetten an d’Krëppespill zu Beidler. Mee säit e puer Joer hëllefe mir der Par Musel a Syr op Hellegowend bei der Realisatioun vum Krëppespill bei der Famill Clemens am Stall.
Zu den erausstiechenden Aktivitéiten zielt déi am 2-Jores-Rhythmus organiséiert Landjugend-Power-Aktioun, wou mir wärend 36 Stonne fir d’Allgemengheet um Dill sinn. An deene leschte Joren hu mir esou eng ganz Rei Projeten op benevoller Basis realiséiert:
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Cliärref a.s.b.l.5, Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Uewersauer a.s.b.l.
5, Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Furen a.s.b.l.
5, Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Zenter a.s.b.l.
5, Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Dikkrich a.s.b.l.
5, Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Maacher a.s.b.l.
5, Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Süden a.s.b.l.
5, Avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Lëtzebuerg
| Méindeg | 07h00 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Dënschdeg | 07h30 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Mëttwoch | 07h00 – 12h30 & 12h30 – 16h00 |
| Donneschdeg | 07h30 – 12h00 & 12h30 – 16h00 |
| Freideg | 09h00 – 14h00 |
Schreift Iech an, fir eis jäerlech Publikatioun ze kréien
© 2026 Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. — All Rechter virbehalen.