Andréck vun der rezenter Afrikarees vun de Membere vun der LLJ – JB & JW

Vum 8.- 16. September 2014 si 5 jonk Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer a.s.b.l. – zesumme mam Abbé Romain Richer, President vun der ONG-D “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l”, fir 8 Deeg an de Kamerun gefuer. Um Programm vun der sougenannter “Visite de coopération” stoungen – ënner anerem – d’Visite vun de Kooperatiounsprojeten, déi zënter 1998 mat de lokale Schwëstere-Communautéite vun de “Soeurs de Sainte Marie de Namur” zu Soa a Zoétélé realiséiert goufen/ginn.

An sengem Bericht geet de Pol Majerus a Form vun engem Tagebuch op d’Andréck an, déi hie vu senger éischter Afrikarees mat Heem bruecht huet: Interessante Afrikareise – viele neue Eindrücke.

Och d’Caroline Scholtus huet hir Andréck op Pabeier bruecht. Hei hiere sprëtzege Bericht ënner dem Titel: Immens frou, fir de Kamerun mat senge Leit a senger Kultur kennegeléiert ze hunn.

Fotoen: Tanja Krischler, Caroline Scholtus, Romain Richer

Downloads, LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert