Am direkten Austausch d’Kooperatiounsaarbecht virubréngen
Am Februar 2014 hunn sech e puer Vertrieder aus dem Conseil d’Administration vun eiser ONG-D mat der Chargée de projets, der Mme Jacqueline Monville, op de Wee an de Burkina Faso gemaach. An deenen zwou Wochen hate mir Geleeënheet déi Verantwortlech vun eiser Partnerorganisatioun Mains Unies ze treffen an och vill Gespréicher mat de verschiddene Bauerevertrieder aus den Dierfer ze féieren, mat deene mir am Kader vun eisem laangjärege Projet Centre Technique de l’Amélioration de la traction Asine – CTAA zesummeschaffen. Dës Gespréicher an och eis Participatioun un der jäerlecher Versammlung vum Comité de pilotage stratégique, genannt CPS, wou sech d’Partner, d’Vertrieder aus de verschiddenen Dierfer, déi lokal an national Autoritéite vu Regierung an zoustännege Verwaltungen zesummesetzen, sinn eng grouss Hëllef fir d’Aarbecht am Projet virunzebréngen. Am Moment befënnt sech dëse Projet an enger Iwwergangsphase. An dëser wichteger Etapp geet et dorëms ze kucke wou d’Realisatiounen um Terrain stinn, wéi wäit de Programm vun der éischter Phase erfëllt ginn ass, wéi eng Schwieregkeeten et goufen a wat genee verbessert muss ginn, fir déi sougenannte Stratégie de sortie – an domat verbonnen – de gutt virbereete progressiven Desengagement vu Säite vun der ONG-D unzegoen. Wat ganz kloer gesot gi kann, jo gesot gi muss, ass d’Tatsaach, datt mer ganz vill dynamesch Mënsche getraff hunn, déi mat vill Courage a voll Dankbarkeet upaken, fir datt dëse wichtege Projet gelénge kann, zum Wuel vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso!
Mir hunn awer och vun dëser Rees profitéiert, fir d’Site vu potentiellen neie Projeten ze besichtegen. Sou gouf et ënner anerem eng Entrevue mam Abbé Jean-Marie Konkobo, fir weider Detailer vun engem Projet ze beschwätzen, deen nach an de Preparatioune stécht. Hei handelt et sech ëm den Ausbau vun den Infrastrukture vun der Primärschoul vu Zambélé an och ëm d’Realisatioun vun enger Buerung, fir d’Waasserversuergung an der Schoul ze garantéieren.
En dynamescht Engagement wor och schonn am Dezember 2013 ze erliewen, wou eng Delegatioun vu Mains Unies bei äis zu Lëtzebuerg op Aarbechtsbesuch wor. Et wor eng Freet den Här Hippolyte Ouédraogo, den neie Coordinateur de projets vun der Partnerorganisatioun, an och déi franséisch Experten Philippe Lhoste a Jo Ballade kënnen ze begréissen. Och hei wore wichteg Reuniounen an Treffen – ënnert anerem – mam Här Mertens aus dem Kooperatiounsministär a mat dem Verwaltungsrot vun der ONG-D um Programm. Wéi muss et weider goen, wéi gesäit eng nächst Phase vum CTAA aus? Dës Froen an och de Succès vun eiser Aktioun „100 Kassine fir de Burkina Faso“ stungen um Ordre du jour. Dëse Succès an de Merci gëllt all deenen, déi eng Kassin duerch hir Spent finanzéiert hunn.
Mir haten awer net nëmme Besuch aus dem Burkina Faso. Och mat der Schwëster Chantal Mukiampele vun der Kongregatioun vun de Soeurs de Sainte-Marie de Namur (SSMN), eng weider Responsabel am Projet Optimisation des activités éducatives et humanitaires des communautés locales des Soeurs de Sainte-Marie de Namur zu Djuma, Sia a Kikwit an der Demokratescher Republik Kongo konnte mir äis hei zu Lëtzebuerg austauschen. Begleet gouf si vun der Schwëster Claude Marie Collignon, déi selwer iwwert eng Rei vu Joren am Kongo täteg wor. Dat Treffen huet gewisen, datt déi gutt Zesummenaarbecht de Projet virubréngt a mir mat grousse Schrëtt an d’Zukunft kënne goen. Bedéngt duerch déi aktuell politesch Situatioun, ass d’Visite vun eise Frënn am Kongo leider net ugeroden. Ma dach si mer mat hinnen a Gedanken an am Schaffe verbonnen.
Doniewent huet d’Schwëster Marie Pierrette Akoa Oboé, am August 2013 vun hirem kuerzen Openthalt an der Belge profitéiert, fir äis zu Lëtzebuerg ze besichen. Et goung bei dësem Treffen ëm déi kleng Maternité, déi mat Hëllef vun eiser ONG-D zu Sia am Kamerun realiséiert gëtt. Och déi geplangte Kooperatiounsrees am September 2014, mat engem Grupp vu Jonken aus de Verbänn vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer ass mat der symphatescher Schwëster beschwat ginn. Si soll deene Jonken d’Geleeënheet bidden, fir net nëmmen d’Land, ma virun allem seng Awunner kennenzeléiren an och d’Projeten ze besichtegen, déi d’ONG-D zënter 1998 am Kamerun ënnerstëtzt huet. Dës Rees bidd deemno d’Geleeënheet, fir d’Fortschrëtter vum Bau vun der klenger Maternité vu Soa ze gesinn, an déi Verantwortlech mat den direkte Beneficiairen ze treffen.
Mir hunn am Moment eng Rei grouss Projeten an et brauch ee vill Hänn fir dës Aarbecht ze bewältegen. Mat engem grousse Merci wëll ech mech un eis Chargée de projets, d’Mme Jacqueline Monville riichten, och un eise Permanent a Sekretär vun der ONG, den Här François Glodt an un d’Mme Chantal Heuschling, der Sekretärin vum Siège. Dëse Merci gëllt awer och all de Membere vum Verwaltungsrot. Jidderee beräichert op seng Art a Weis, mat sengem Schaffen, senge Gedanken an Iddien déi vill Projeten. Et deet gutt mat esou enger Equipe am Déngscht vun de Baueren an hire Familljen an Afrika zesummenzeschaffen. Et ass déi afrikanesch landwirtschaftlech Bevëlkerung, déi an eiser Mëtt steet a fir déi mir äis mat ganzem Häerz wëllen engagéieren.
An hirem Numm well ech Iech all, déi Dir äis duerch eng materiell a moralesch Ënnerstëtzung weiderhëlleft, Merci soen. Eis fréier Kooperatiounsministeren, d’Mme Marie-Josée Jacobs an den Här Marc Spautz, a selbstverständlech och de ganze Lëtzebuerger Kooperatiounsministär mat eisem neie Minister, dem Här Romain Schneider, schléissen ech an dës Mercien an. Oder wéi se am Burkina Faso soen: Barka!
Abbé Romain Richer
President