Tom Leonardy

Vum Oktober 2002 bis Abrëll 2007 un der Spëtzt vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzejongbauerendag2007_008r

Bäitrag zum Thema ,Erde’ am Bulletin vun der ,ErwuesseBildung’

De Bauer an de Buedem

Interview mat dem Tom Leonardy, President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer

Tom, Du bass ee jonke Bauer, deen duerch säi Beruff enk mat dem Buedem verbonnen ass. Wat bedeit de Buedem fir Dech?

De Buedem ass d’Grondlag fir d’Produktioun vun alle Liewensmëttel an dowéinst immens wichteg.

Zu Lëtzebuerg ass de Bauterrain immens deier. Wéi ass d’Evolutioun vum Präis vum Akerland zu Lëtzebuerg?

Duerch déi fortschreitend Verbauung vu wäertvollem Land gëtt déi landwirtschaftlech Notzfläch immens reduzéiert. Nieft de Gedanken, déi een sech a Punkto Ëmwelt maache muss, huet et fir de Bauer als Konsequenz, datt d’Akerland ëmmer méi deier gëtt.

An der Öffentlechkeet kënnt heiansdo d’Bild vum Bauer eriwwer, deen de Buedem mat senge sëlleche Pestizide verknascht a mat der Gülle den Nitratpegel an d’Luucht dreift. Wéi stees Du zu dësem Image?

Mir als Jongbaueren a Jongwënzer wëssen, datt den Image vum Bauer an eiser Gesellschaft leider Gottes net ëmmer positiv ass. De Problem läit op der Hand. Eise Beruffsstand mécht net emol méi 2 % vum PIB aus, sou datt mir net méi dat néidegt Gewiicht hunn, fir deem negativen Image entgéintzesteieren.

Gëtt een an der Akerbauschoul forméiert, fir schounend mat dem Buedem ëmzegoen?

Am Lycée Technique Agricole kritt een d’Grondkenntnisser iwwer d’Struktur vum Buedem vermëttelt a fir schounend mam Buedem ëmzegoen. Folgend Theme ginn hei beliicht: Erosiounsschutz, Buedemanalysen, Humusbilanz, …

A wéi fern ass d’Struktur vum Buedem an deene verschiddene Géigende vun eisem Land haut nach maassgebend fir de Rendement am Akerbau?

Iwwer dat ganzt Land ass d’Produktivitéit vum Buedem garantéiert. All Buedem an deene verschiddene Regioune vum Land huet seng Eegenschaften. Bei der Beaarbechtung muss deemno der Buedemstruktur aus der Géigend Rechnung gedroe ginn. Eng gezielte Buedemveraarbechtung ass de Garant vun engem gudde Rendement am Akerbau.

Wouranner gesäis Du déi gréisst Erausfuederung an der Zukunft fir een Akerbauer?

D’Zukunft vum Akerbau hei zu Lëtzebuerg läit doran, de Konsumente qualitativ héichwäerteg Produkter kënnen unzebidden an dat zu engem faire Präis, ouni datt de Produzent ze kuerz kënnt.

Wéi steet Är Jugendorganisatioun zu den OGMen?

Et ass méiglech, datt déi grouss Inconnuen bei den OGMen an der nächster Zukunft zum Virschäi kommen. Dat bréngt mat sech, datt bei äis eng gewësse Skepsis besteet.

D’Jongbaueren a Jongwënzer sinn jo och aktiv an der Entwécklungshëllef. Gräift Dir bei Ärer Aarbecht och do d’Problematik vun dem Schutz vun de Biedem op?

Jo, eis ONG Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération ënnerstëtzt am Burkina Faso Projeten mat einheimesche Baueren, déi de Kampf géint Desertificatioun zum Zil hunn. Mat relativ einfache Methoden ass et méiglech géint d’Buedemerosioun an d’Verdichtung vun de Biedem virzegoen an de Baueren mat hire Familljen nees bessert Akommes ze garantéieren.

Huet Ären Engagement an den Entwécklungslänner ee Bezog zu ärer Aarbecht als Baueren hei zu Lëtzebuerg.

Mir peile 50 Joer Entwécklungshëllef un. D’Pionéier dervun hunn aus der Erkenntnis gehandelt, dass de Bauer als den traditionellen Ernährer vun der Bevëlkerung net nëmmen eng Verantwortung vis-à-vis vun den eegene Leit huet, mee och fir Mënschen an Nout. Dës Asiicht, gekoppelt mat der chrëschtlecher Motivatioun zur Nächsteléift, gëllt och nach haut bei eise Memberen. Entwécklungshëllef ass fir äis keen Accessoire mee een integrale Bestanddeel vun eise Verbandsaktivitéiten, déi vun eise lokale Gruppe gedroe ginn.

 

Comments are closed.