LJ-Power 2012

Landjugend-Power 2012Landjugend-Power-Aktioun 2012

Op en Neits op benevoller Basis am Asaz fir d’Allgemengheet

 

Während der 7. Editioun vun der Landjugend-Power-Aktioun hunn déi verschidde regional Gruppe vun der Lëtzebuerger Landjugend sech am September 2012 op en Neits an den Déngscht vun der Allgemengheet gesat. De Weekend vum 8. – 9. September waren den „Zenter“ zu Brouch, déi „Maacher“ zu Berbuerg, déi „Furener“ zu Duerscht an déi „Dikkricher“ zu Ettelbréck um Dill.

De 15. – 16. September war et dunn un deene „Cliärrwer“, déi sech an der Gemeng Ëlwen engagéiert hunn. Hei hunn si de Pavillon frësch ugestrach. Dee Weekend dono gouf dunn direkt nach eng Schëpp bäigeluecht an sech un engem Projet vu RESONORD zu Klierf bedeelegt. Während ville Stonnen hunn si Raim an Dieren an der aler Crèche ugestrach. An dëst renovéiert Gebai komme  spéiderhin e Buttek, eng Kleederstuff, eng Kichen, e Coiffer an en Openthaltsraum, déi mannerbemëttelte Matbierger zur Verfügung gestallt ginn.

Aus organisatoresche Grënn kommen d’Landjugendgruppe Süden an Uewersauer zu engem spéideren Zäitpunkt an den Asaz fir hir Landjugend-Power-Aktioun ze realiséieren. Fir de „Süden“ ass viraussiichtlech e Méindeg, den 19. November 2012 zu Féiz eng gréisser Aktioun vun de Verantwortleche vun der Gemeng Monnerech geplangt.  Der Landjugend Uewersauer hir Aktioun gouf an d’Fréijoer 2013 verluecht. Si mussen deemno nach e bësse Gedold opweisen, éier d’Gemengeverantwortlech vu Wooltz de Startschoss fir déi preparéiert Aarbechte ginn.

Dynamesch an engagéiert

Landjugend-Power-Aktioun ass am Joer 2000 eng éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg duerchgefouert ginn. D’Grondiddi ass vum „Bund der Deutschen Landjugend“ (BDL) iwwerholl ginn an un déi lëtzebuergesch Realitéiten ugepasst ginn. Si soll d’Fäegkeeten, den Dynamismus an d’Bereetschaft vun eiser Jugend, fir sech fir eng nëtzlech Saach anzesetzen, betounen.

Während der Aktioun, déi sech op 36 Stonne limitéiert, féieren d’Memberen aus de Landjugendgruppen eng gemeinschaftlech Aarbecht duerch, déi der lokaler Bevëlkerung am ländleche Milieu zegutt kënnt. D’Aufgab, déi de Grupp fir déi respektiv Gemeng realiséiert, gëtt am Virfeld vun de Gemengeverantwortleche geplangt a preparéiert. Si bleift allerdéngs bis dee leschte Moment geheim. Dat néidegt Material an Handwierksgeschir gëtt de Gruppe vun den technesche Servicer aus der Gemeng zur Verfügung gestallt. D’Aktioun gëtt an deene meeschte Fäll mat der Inauguratioun a Präsenz vun de Gemengenautoritéiten an aneren Invitéeën ofgeschloss.

Mat Geschéck an Ausdauer

Fir d’Aktioun 2012 hunn sech déi Verantwortlech aus deene respektive Gemengen nees eng ganz Rei kniwweleg Aarbechten ausgeduecht. Sou hunn déi Jonk vun der Landjugend Zenter niewent der neier Spillplaz zu Brouch/Miersch e klenge Fussball-Terrain fir d’Grondschoulkanner amenagéiert. Ronderëm den Terrain, deen am Virfeld vun de Gemengenaarbechter preparéiert gouf, ass eng Palissade gezammert an de Wues ausgerullt ginn. D’Equipe huet alles ginn, fir déi net kleng Aufgab mat Zäit ze meeschteren.

D’Landjugend Maacher war zu Berbuerg am Haaptmann’s Schlass fir déi eeler Matbewunner vum Fleegeheim aktiv. Mat vill Enthusiamus huet de Grupp e Schotterwee ugeluecht an Hecken am neien therapeutesche Gaart geplanzt.

Och d’Landjugend Furen war déi béid Deeg iwwer voll gefuerdert. Si huet zu Duerscht am Park Housen niewent der aler Schoul eng iwwerdeckte Grillplaz mat vill Geschéck amenagéiert.

Datt d’Landjugend Dikkrich de gudden Drot zu deene Verantwortleche vun der Gemeng Ettelbréck fleegt, huet si mat hirem neien Engagement während der dësjäreger Aktioun ënner Bewäis gestallt. Wéi schonn am Joer 2010 huet déi jonk Equipe vun deenen „Dikkricher“ och dëst Joer nees eng Hand am Fräizäitareal am Grondwee zu Ettelbréck mat ugepaakt. Hei gouf eng Terrass un e Chalet ugebaut.

 

Comments are closed.