Réckbléck Jongbauerendag 2024

Galerie mat 36 Fotoen.

E Sonndeg de 24. November 2024 huet d’LLJ op hiren traditionelle Jongbauerendag an den LTA op Gilsdref invitéiert. Nieft engem flotte Virtrag vun der Prof. Dr. Denise Fischer-Kreer, konnte mir an dësem Joer eng Stellungnam a Form vun engem klengen … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Réckbléck Jongbauerendag 2024

Réckbléck op eisen Inlandstour

Galerie mat 21 Fotoen.

De Weekend ware mir alleguer zesummen op eisen nationalen Inlandstour, mat flotte Visitten an als Ofschloss engem gudden Iesse bei de Jongwënzer Vinsmoselle Merci un d’ Luxlait, de Pretemer Haff an u Rollrasen Van de Sluis fir déi gutt gefouerte … Weider liesen

LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Réckbléck op eisen Inlandstour

Jongbauerendag 2024

D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. invitéiert Iech nees op hire Jongbauerendag de 24. November an den LTA zu Gilsdref.

No der Begréissung vum LLJ-Nationalpresident Charel Ferring, riicht den Här Äerzbëschof. S. Em. Jean-Claude Card. Hollerich d’Grousswuert un de Public.

Duerno hält d’Madamm Prof. Dr. Denise Fischer-Kreer ee spannende Virtrag zum Thema “Unternehmensnachfolge durch die Brille der positiven Psychologie: Den Wandel mit Resilienz und Werten gestalten”, iert uschléissend Memberen vum Aarbechtsgrupp “Agrarpolitik” d’Stellungnam virdroe wäerten. Duerno gi mir d’Wuert virun un d’Madamm Martine Hansen, Minister fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau.

Zum Ofschloss invitéiert d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. Iech op een Éierewäin.

Mellt Iech wgl iwwert den info@jongbaueren.lu un.

Invitatioun JBD-4-komprimiert

LLJ | Comments Off on Jongbauerendag 2024

Réckbléck op den “Dag vun der Kooperatioun” zu Wëntger

Galerie mat 23 Fotoen.

Wat e flotten Dag : ) Kuckt hei d’Impressioune vum “Dag vun der Kooperatioun” den 20. Oktober 2024 am Centre Culturel Wëntger, op den d’LLJ Cliärref an d’ONG LLJ-Service Coopération invitéiert haten. Den Erléis vum Dag fléisst an d’Projete vun … Weider liesen

LLJ, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Comments Off on Réckbléck op den “Dag vun der Kooperatioun” zu Wëntger

Réckbléck op d’Generalversammlung 2024 vun eiser ONG

Galerie mat 17 Fotoen.

E puer Impressiounen vun der Generalversammlung (AG) 2024 vun eiser ONG, déi den 14. Mäerz am Festsall An Haffen zu Wickreng ofgehale konnt ginn. Mir soen der Famill Majerus-Clemes e grousse Merci, déi äis hir schéi Raimlechkeeten nees gären zur … Weider liesen

Fotoen, LLJ, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Comments Off on Réckbléck op d’Generalversammlung 2024 vun eiser ONG

Bauerenhaff an der Stad

 

 

 

 

 

 

 

Iwwert de Weekend vum 23. bis 24. Mäerz 2024 kréien déi Stater Leit d’Geleeënheet, fir sech e konkret Bild iwwer d’Aarbecht op de Bauerebetriber ze maachen.

An Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg gëtt op der Place de la Constitution – bei der Gëlle Fra – fir déi zwee Deeg e Bauerenhaff vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” (LLJ) opgeriicht, fir den Interesséierten déi vill Facettën vum Bauerewiese méi nozebréngen.

 

LLJ | Comments Off on Bauerenhaff an der Stad