40. Anniversaire

Leo WagenerPréizerdaul, den 13. November 1999

Usprooch beim 40jährege Bestoe vun der Entwécklungshëllef vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer

Léif Eiregäscht,
léif fréier Enwécklungshelfer a Presidenten,
léif Memberen a Frënn,

Net mat vill Gedäisch an och net mat enger akademescher Sitzung wollte mir u 40 Joer Entwécklungsaarbecht vun de JB & JW erënneren, mee mat enger gesellecher Feier ënnert Frënn. Vläicht ass dëse Choix och e bësse charakteristesch fir de Baueren- a Wënzermilieu, deem net esouvill un theoreteschen Reflexiounen, mee éischter u prakteschen Emsetzungen läit. Un a fir sech as domat och schonn déi dreiwend Motivatioun ugeschwat, déi viru 40 Joer d´JB & JW dozou bruecht huet, fir sech op den Terrain vun der Entwécklungshëllef ze won.

„Die Idee begann ihren Weg unter dem Stichwort „Kampf dem Hunger in der Welt“ – esou schreift de Pater Spoden an der Festschrëft vum 50ten Anniversaire vun eiser Organisatioun.  Dëse Slogan war op dem Internationale Kongress vum MIJARC 1958 zu Wien formuléiert ginn. Hie gouf zum „ideologeschen Hannergrond“ vun den éischten Schrëtt zu der Entwécklungshëllef. Do derhannert stung fir e kirchleche Verband och dat chrëschtlecht Gebot vun der Nächsteleift,  wéi och d’Iwwerleeung, dass d’Baueren jo d’Ernährer vun hirer Bevölkerung sinn an deemno och eng Verantwortung wollten iwwerhuelen géint d’Ënnerernährung an anere Länner.

Um Ufank gung et wuel éischter ëm een „Zuhëllefkommen vu Menschen a Nout, déi un eist Matgefill an eis chrëschtlech Verantwortung appelléiert hunn.  Dunn awer koum de Gedanken vun der sozialer Gerechtegkeet méi staark op. Et as net nëmmen e Gebot vun der chrëschtlecher Nächsteléift aneren ze hëllefen, mee et as eng Fro vun der Gerechtegkeet, dass Menschen a Misère d’Moyen kréien, fir d’Strukturen, déi si an de Misère dreiwen ze veränneren.  Hëllef dierf sech net op eng eemoleg Noutstoppaktioun beschränken, mee si soll – haut géif ee soen „nohalteg“ sinn, dat heescht, et mussen Projeten op d’Bee gestallt ginn, déi eng wiirksam „Hilfe zur Selbsthilfe“ sinn.

Dat hunn d’JB & JW vun der éischter Stonn un mat der Kollaboratioun vun sougenannten „Entwecklungshelfer“ um schwarze Kontinent probéiert.

D´Kritären, no deenen d´Projeten erausgesicht goufen, hu bis haut nach ëmmer hir Gültegkeet. D’JB & JW wollten am Déngscht vun den afrikanesche Baueren stoen, hir Produktiounstechniken verbesseren an bei der Schaaffung vun Infrastrukturen hëllefen, déi et de Baueren erlaben sollten, hir Produiten besser um Maart lasszegin.

Techniken, déi vermëttelt goufen, sollten sech net um europäesche Standard orientéieren, mee méiglechst einfach sinn, fir vun den Einheimeschen selwer geréiert  kennen ze gin.

Eng Entwécklung op breeder Basis, duerch d’Ausbildung vu Multiplikatoren gouf ugestrieft. Domat sollt der Landflucht an der domat verbonnener Aarmut an de Bidonvillen vun de Stied entgéint gewierkt ginn.

D’Projeten sollte sech an eng Kontinuitéit aschreiwen a vun vertrauenswürdegen Persounen op dem Terrain, déi een an den Entwécklungshelfer engersäits an an de kathouleschen Kongregatiounen anerersäits fanne wollt, duerchgezu ginn.

Et kann ee véier Etappen an der 40jähreger Geschicht vun der eiser Entwécklungshëllef erkennen:

1. Vun 1959-1969: Den Asatz vun Entwécklungshelfer an der Obervolta mat dem Schwéierpunkt op der Vermëttlung vun der „traction asine“ an dem Bure vu Pëtzer.

2. Vun 1969-1979: D’Asazland verlagert sech vun der Obervolta an den deemolgen Zaïre, méi genee op Djuma. Do gung et fir d’éischt ëm d’Ausbildung vu jonke Baueren an duerno em d’Baue vu Brécken.

3. Vun 1979-1991:  D’JB & JW bleiwen am Zaïre, changéieren awer hiren Asazuert: si ginn op Lwono bzw. N’sele Mwedi. Do riichten si mat Hëllef vum Pater Ekkelboom en eegent Ausbildungszentrum op. Jonk Leit ginn an der Véihzuucht, an der Schreinerei an der Maçonnerie ausgebild.

Dëse Projet hat ouni Zweifel eng staark Identifikatiounskraaft fir die eenzel Memberen vun de JB & JW.  Et war “eise” Projet, d’Gruppen hunn entspriechend matgemaach. Hinne koum engersäits d’Roll zou, sech mat dem Uleiës vun Entwécklungsaarbecht auserneenzesetzen an anerersäits, déi néideg finanziell Ressourcen ze beschafen.

4. Vun 1992 bis haut: Mir verloossen de Zaïre opgrond vun den Onrouen a mussen äis nei Projeten sichen. D’Nostalgie vun der Vergaangenheet spillt bei der Sich mat:

E Projet, méiglechst grouss, mat engem Entwécklungshelfer, dee mat landwirtschaftlecher Ausbildung ze dinn huet, gouf ugestrieft. Mir hate geméngt, esou ee Projet an der Côte d’Ivoire zu Niakaramandougou ze fannen. Dee Projet as vun 1994-1996 mat Liicht- a Schiedsaiten gelaf.

Déi dräi lescht Jahren hunn eng aner Vue mat erabruecht. Net méi ee Projet gëtt ënnerstëtzt, mee eng ganz Rei.  Et gëtt kee vun de JB & JW ugestallten Entwécklungshelfer méi. Zwangsleefeg kënnt de Memberen heiheem méi eng aktiv Roll zou. Nei Projeten mussen erausgesicht, begleed an evaluéiert gin. Domat ass den Aumônier, deem bis ewell an de Persounen vum Pater Spoden an dem Abbé Kirsch eng massgeblech Roll zougefall ass, iwwerfuedert. De Conseil d’administration mat motivéierte Leit, vun deenen déi meescht selwer schonn op Projeten waren, hëllt sech dëser Charge un.

Un der Schwell vum neie Jorhonnert gesäit sech eis Entwécklungshëllef enger Rei vun Erausfuederungen géintiwwer  gestallt:

  1. D´Vermëttlung vun der Aarbecht un dei jonk Mêmberen as vläicht méi schwéier gi, well et net méi ëm ee prezisen, eegene Projet vun de JB & JW geet, mee ëm eng ganz Rei mat verschiddene Partner.
  2. Op engem Diskussiounsowend mat nobäi 40 Interesséierten huet sech gewissen, dass e Kommunikationsproblem besteet, tëschent de Gruppen an der Aarbecht, déi geschitt. Nieft dem Wee vu Publikatiounen musse mir nei Weeër vun der Sensibiliséierung fannen.
  3. Deen Owend hut och däitlech gemaach, dass d’JB & JW zwar iwwert eng héich Kompetenz a Saachen Entwécklungshëllef verfügen, dat opgrond vun hirer laangjähreger Erfahrung, mee nach net genug Professionalitéit an hirer Gérance hunn. Vläicht ass dofir d’Zäit komm, fir sech mat anere Partnerorganisatiounen zesummen ze dinn, déi iwwert dës personell Moyenen verfügen. Doriwwer muss weider nodeguecht ginn.

 

Ech schléissen mat engem hoffnungsvollen Bilan vu 40 Joer Entwécklungsaarbecht, an zielen just dës Punkten op:

  1. A 40 Jor goufe jonk Menschen unhand vun praktesche Realisatiounen mat de Wäerter vu Gerechtegkeet, Solidaritéit, Partage, Respekt virun anere Kulturen a chrëschtlecher Nächsteléift konfrontéiert an dozou stimuléiert.
  2. Den Diskussiounsowend huet et bewissen, an all d’Presidenten vum Verband hunn et an hirer Amtszäit ëmmer ënner Bewäis gestallt: d’Éntwécklungshëllef gehéiert zum edukativen Bagage vum Verband. D’Entwécklungshëllef dréit och dozou bäi, dass de jonke Member seng Perséinlechkeet entwéckele kann.
  3. Besonnesch d’Reesen an Afrika an d’Visiten vun de Projeten hunn eng nohalteg Influenz op d’Astellung vun de Participanten zu de Froe vun der Entwecklungshëllef gehat. Si hu sech als beräichernd fir den Eenzelnen an als befruchtend fir den Engagement an der ONG ausgewierkt.
  4. Op politeschem, gesellschaftlechem a kierchlechem Plang huet d’Entwécklungsaarbecht vill zum positiven Image vun dem Jugendmouvement bäigedroen. Jonk Leit hunn net nëmmen eng Idi, mee och hir praktesch Emsetzung selwer gedroen a wäerten et och viru maachen. Si hunn erfur, dass Misère keng Fatalitéit ass, mee eng Erausfuederung fir e gudde Kampf.
  5. Dëse Kampf féiere mir trotz munchen Echecen an Deceptioune virun, mat der Hëllef vun de Memberen, vun der Regierung a vun eisen Donateuren.

 

Dësen Owend ass e Merci un eis fréier Entwécklungshelfer an Aumônieren, eis ehemoleg an derzäiteg Presidenten, Comitésleit a Memberen.

Geschichtlechen Hannergrond:

Circa 15 Jahr nom Enn vum Zweete Weltkrich huet sech d´Economie vun de westleche Länner erholl. Den Opbau ass gepakt an et kann een sech och de Luxus leeschten, un déi Aarm ze denken.

Firwat Afrika? Mee well dem Pater Spoden seng Uerdensgemeinschaft, d’Jesuiten do vertrueden waren an de Pater doduerch Kontakter mat Afrika, méi genee mat der demoleger Obervolta, dem heitegen Burkina Faso hat. Hei as nach een aneren Charakteristikum vun eiser Entwecklungshëllef zu gesinn, dass si nämlech iwwert 30 Joer lang enk mat Uerdensleit, mat Pateren verknëppt war. Mat alle Vir- a Nodeler, déi dat bedäit.

Et war e grousst Vertrauen an d’Aarbecht do, well jo ee vun äis do ënnen op der Plaz war.

Leo WAGENER
Nationalaumônier vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer / President vun der ONG ,Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.’

Comments are closed.