Süden

Lëtzebuerger Landjugend -Jongbaueren a Jongwënzer Süden a.s.b.l.

Eng Hellewull Aktivitéiten a vill Spaass

D’Landjugend Süden gouf 1974 ënner dem Impuls vum Léon Feyder gegrënnt. D’Memberen vum Süden kommen zum Deel aus de Kantoner Esch a Capellen. Haut zielt eise Grupp iwwer 100 Memberen, déi gréisstendeels vun doheem aus Bauer sinn oder aus dem ländleche Raum kommen.

Mir bidden eise Memberen – an all deenen, déi bäi äis matmaache wëllen – iwwer d’Joer en ofwieslungsräiche Fräizäitprogramm. Sou fuere mir zesummen an de Wantersport, maachen en Inlandstour an invitéieren op de Südiste-Bal. Doniewend organiséiere mir gemittlech Spaghettis-, Grill-, a Bowling-Owender, ginn an de Kino, maachen eisen Terrassentour a gi Schlittschung oder Karting fueren.

Niewent berufsspezifeschen Informatiounsversammlungen kënnt och d’Kultur bei äis net ze kuerz. Sou gi mir beispillsweis all Joer d’Revue zesummen an de Groussen Theater kucken a maache regelméisseg eng Musical-Rees.

Eise Grupp bedeelegt sech awer och gäeren – zousätzlech zu eise regionalen Aktivitéiten – un den nationalen Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend a de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer: Landjugenddag, Landjugend-Power-Aktioun, Foire Agricole, Concours du Meilleur Juge, Concours du Meilleur Jeune Présentateur,…

Comments are closed.