Jeff Boonen

Zënter Oktober 2011 un der Spëtzt vun der Associatioun

Den neie President stellt sech vir

Am Nationalcomité vum 11. Oktober 2011 gouf de Jeff BOONEN eestëmmeg zum neie President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer gewielt. De Jeff iwwerhëlt deemno d’Responsabilitéit vun eiser Jugendorganisatioun, déi zënter Oktober 2007 vum Christian HAHN gedroe gouf.

Jeff Boonen

Ech si 26 Joer al a wunnen zesummen mat menger Verlobter, dem Joëlle, zu Schweech. Meng Elteren hunn e Mëllechvéibetrib mat Biogasproduktioun am Schweecherdaul. Ech sinn deen eelste vu 4 Kanner.

Formatioun a Beruff

Ech war zu Dikrech am LCD an hunn duerno zu Louvain-la-Neuve Agronomie studéiert. Während deene 5 Joer Studium hunn ech et genoss, fir nei Iddien an nei Leit kennenzeléieren. An dëser Zäit ass och mäin Interêt un der Agrarpolitik ëmmer méi gewuess. Dofir hunn ech mech bei menger Ofschlossaarbecht ganz intensiv mam Auslafe vun der Mëllechquoteregelung beschäftegt

Haut schaffen ech am Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck als Agraringenieur am Gringland-Versuchswesen an un engem europäischen Interreg-Projet mam Numm Dairyman. De Programm huet zum Zil, d’Mëllechvéibetriber a Punkto Nährstoffeffizienz ze optimiséieren. Dëst Zil soll iwwer den Austausch tëschent europäische Betriber, Beroder a Wëssenschaftler erreecht ginn.

A menger Fräizäit probéieren ech esou gutt ewéi méiglech, fir doheem am Betrib vu mengen Eltere matzeschaffen. Ech wëll mech ganz mat der praktescher Aarbecht am Betrib vertraut maachen, fir gutt virbereet ze sinn, fir spéiderhi selwer e landwirtschaftleche Betrib ze leeden. D’Aarbecht an der Natur a mat den Déieren, eegestänneg Decisiounen huelen an och all Dag d’Fruucht vu senger Aarbecht ze gesinn, sinn nëmmen e puer Elementer, déi mech um Beruff faszinéieren.

Jonke motivéierte Baueren e Kader bidden an si ënnerstëtzen

Virun 2 Joer sinn ech Member vum Comité vum regionale Grupp Zenter vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer ginn. Niewent der Bedeelegung un de regionalen an nationalen Aktivitéite vun eise Jugendmouvementer, hunn ech mech vun deem Moment un aktiv an d’Diskussiounen an an de Programm vum Nationalcomité, respektiv vum Präsidium vun de Lëtzebuerger Jongbaueren an Jongwënzer abruecht.

Et ass wichteg, datt jonk, engagéiert Baueren ënnerstëtzt ginn an datt si e Kader virfannen, an deem si hire Beruff ouni zevill Hürde kënnen ausüben. Et motivéiert mech, fir hir Intressien hei zu Lëtzebuerg ze vertrieden a meng Iwwerleeungen zur Agrarpolitik mat an d’Diskussiounen anzebréngen.

Et läit mir och um Häerz, datt déi laangjäreg a gutt Zesummenaarbecht tëschent de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer an dem OekoZenter Lëtzebuerg weidergefouert gëtt. Duerch den Dialog mam OekoZenter kënne mir d’Mëssverständnisser tëschent Ëmweltorganisatiounen a Landwirtschaft aus der Welt schafen an dem gemeinsamen Zil a Punkto Nohalteg Landwirtschaft zu Lëtzebuerg e gutt Stéck méi no kommen.

Ech huelen d’Erausfuerderung un a freeë mech op eng gutt Zesummenaarbecht mam Nationalcomité, dem Präsidium a – virun allem – mat all de Membere vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer. Zesumme kënne mir eis Jugendorganisatioun an eise Beruffsstand virubréngen.

Comments are closed.