Landjugend-Power-Aktioun 2021

Mat deem gewinnten Enthusiasmus an an enger entspaanter Atmosphär ass déi 12. Editioun vun der Landjugend-Power-Aktioun a 6 Gemengen am Land iwwer de Weekend vum 18. – 12. September 2021 duerchgefouert ginn.

D’Membere vun de regionale Landjugendgruppe Cliärref, Dikkrich, Furen, Maacher, Süden, Uewersauer an Zenter hunn sech deemno den Aufgabe gestallt, déi déi respektiv Gemengeverantwortlech fir si a deene verschiddenen Uertschafte fir d’Aktioun virgesinn haten an déi e Sonndeg den Owend ofgeschloss sollt sinn.

Innerhalb vu 36 Stonne goufen deemno op en Neits eng Rei Aktivitéite vun de Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) realiséiert, déi der Allgemengheet zegutt kommen. Esou gouf zu Huldang vun der LLJ Cliärref e Fitness-Parcours an e Barfousspad opgeriicht, zu Housen vun der LLJ Furen gouf en ale Wäschbuer renovéiert, LLJ Dikrich huet bei den Opraumaarbechten no den Iwwerschwemmungen gehollef an zu Amber hunn LLJ Maacher zwou Hondwisen opgeriicht. LLJ Zenter hunn an der Gemeng Rammerech Insektenhoteller opgeriicht an d’LLJ Uewersauer huet hirersäits nei Pawee zu Harel verluecht. D’LLJ Süden huet e Weekend méi spéit, dëst wéinst enger Genehmegung déi gefeelt huet, hir Power-Aktioun ugetrueden an huet d’Bréck iwwert der Gare zu Beetebuerg verschéinert.

Wéi d’Fotoen et beweisen, ka mat Stolz op eng weider flott Aktioun zréckgebléckt ginn, déi vun de Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren mat vill Engagement am Interessi vun den Duerfgemeinschaften orgniséiert ginn ass. Dësen Engagement gouf op ville Plazen duerch d’Präsenz vun den Autoritéiten geéiert.

Réckbléck op de d’LJ-Power Aktiounen uechtert d’Land

LLJ

Comments are closed.