
Neien Newsletter vun LLJ-Service Coopération


Galerie mat 12 Fotoen.
E puer schéin Impressioune vun der AG vun LLJ-Service Coopération, déi den 28.04.26 zu Wickreng stattfonnt huet. Zesummen hu mir op en aktiv Joer 2025 zréckgekuckt, mee och e Bléck an d’Zukunft geheit. No der AG hu mir d’Geleeënheet genotzt, … Weider liesen

Hei eise Programm vum Bauerenhaff an der Stad.
Mir freeën eis op Iech!
Endlech ass et erëm esou wäit!
Vum 20. bis den 22. Mäerz fënnt eise 5. Bauerenhaff an der Stad um Glacis statt.
Wat Iech erwaart:
Landwirtschaft vu gëschter, haut a muer
Organiséiert vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.

Groupes d’inclusion financière pour femmes déplacées
Au cours des dernières années, de nombreux villages au Burkina Faso ont été attaqués par des groupes armés surtout dans les régions du Nord. Ces violences ont forcé des milliers de familles à fuir du jour au lendemain, laissant derrière elles leurs terres, leur bétail, leurs biens et tout ce qui constituait leur sécurité.
Parmi les personnes les plus touchées se trouvent les femmes rurales véritables piliers de leurs familles, responsables de l’alimentation, des activités génératrices de revenus, de l’élevage et par conséquent de la survie quotidienne.
Récoltes au Burkina Faso : dans cette vidéo, les petits agriculteurs qui participent à notre projet ont la parole. Ils récoltent les « champs de démonstration » : Ces champs permettent de montrer aux agriculteurs les avantages de l’utilisation de la « kassine », une charrue légère : la kassine creuse plus profondément dans le sol que l’outil manuel des agriculteurs (“daba”). Cela permet aux racines des plantes de s’enfoncer plus profondément et de mieux préserver l’humidité. Le rendement des récoltes augmente et la charge de travail des agriculteurs en est considérablement réduite.Galerie mat 11 Fotoen.
Kuckt d’Impressioune vun der Mass fir Grouss a Kleng um Schmithaff (Iewerleng) den 29.11.25. Den Erléis vum Iessens-/Gedrénksverkaf fléisst an eis Kooperatiounsprojeten am Burkina Faso. E grousse Merci un all Leit, déi gehollef hunn!

D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. invitéiert Iech nees op hire Jongbauerendag den 23. November 2025 an den LTA zu Gilsdref.
No der Begréissung vun allen Uwiesenden duerch den Nationalpresident Charel Ferring, riicht de Generalvikar Patrick Muller säi Grousswuert un de Public. Duerno droen d’Membere vum Aarbechtsgrupp Agrarpolitik vun der LLJ, en agrarpolitesche Sketch mat uschléissender Stellungnam vir.
Uschléissend ass eng Diskussiounsronn mat Vertrieder aus der Agrarkommissioun vun der Chamber zum Thema vum Owend: “Zukunft vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft a Perspektive vun de jonke Baueren”. Vertruede sinn den Här Boonen, den Här Emering, d’Madamm Welfring, den Här Polidori an den Här Lemaire.
Zum Ofschloss kritt d’Madamm Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, d’Schlusswuert.
Ofschléissend un dës traditionell Manifestatioun invitéiert d’LLJ Iech op en Éierewäin.
Mellt Iech wgl iwwert den info@jongbaueren.lu un.
Galerie mat 14 Fotoen.
Den 26. Oktober 2025 haten d’Landjugend Süden an d’ONG LLJ-Service Coopération fir en Dag zugonschte vun den Entwécklungsprojeten am Burkina Faso agelueden. Vill Leit ware komm, fir zesummen eng Mass ze feieren, d’Musek ze lauschteren, ze poteren, e gutt Iessen … Weider liesen

Mir sichen dech
![]()
Du sichs en neie Challenge? Du bass motivéiert an engagéiert, du schaffs gären am Grupp, spruddels vun Iddien a brenns fir deng Aarbecht?
Da bass de bei eis genee richteg! Mir sichen Ënnerstëtzung fir eise Büro!
Mell dech gären mat denger vollständeger Kandidatur bei eis, spéitstens awer bis den 10. November. Mir freeën eis dech kennen ze léieren ![]()
Weider Detailer an der Annonce ![]()