Christmas-Tour 2023

Nom groussen Erfolleg vun deene leschte Joren, wëllen d’Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) och nees dëst Joer alle Leit op eng speziell Manéier schéi Chrëschtdeeg wënschen.

Dofir fueren si e Dënschdeg, de 26. Dezember 2023 vu 16:00 Auer un, am Cortège mat hiren Trakteren, déi si fir Chrëschtdag dekoréiert hunn, laanscht verschidde Spideeler, Altersheemer a sozial Ariichtungen.

Iwwert follgende Link kënnt Dir iech d’Tier vun de siwe regionale Landjugendgruppen ukucken: https://www.google.com/maps/d/edit?mid=1rtflKqxZpFy7nTXMY-hBe1j2COOB06k&usp=sharing

Verpasst eis net!

LLJ

Comments are closed.