Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer Maacher a.s.b.l.
Nodeem de Landjugendgrupp aus dem Dekanat Betzduerf am Joer 1974 opgeléist ginn ass, sinn d’Memberen an d’Landjugend aus dem Dekanat Gréiwemaacher opgeholl ginn. Doraus ass dunn d’Lëtzebuerger Landjugend Dekanat Osten entstan. Speiderhin ass sech op d’Bezeechnung Landjugend Maacher geeenegt ginn. Zenter 2003, wou de regionale Landjugendgrupp sech zur A.s.b.l. konstituéiert huet, dréit hien déi offiziell Bezeechnung Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – Maacher a.s.b.l., fir esou d’Verbonnenheet mat de nationale Jugendorganisatiounen Lëtzebuerger Landjugend respektiv Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer auszedrécken. Zu den Ziler vun den Associatiounen gehéiert den Encadrement vun deene Jonken vum Land, fir hir perséinlech Kapazitéiten um professionnelle, sozialen, reliéisen a kulturelle Plang ze förderen.
Jonk an dynamesch Equipe
Am Moment zielt d’Landjugend Maacher ronn 120 Memberen mat engem Durchschnëttsalter vun 20 Joer bei deenen Aktiven. Dat weist drop hin, datt mir eng jonk an dynamesch Equipe sinn.
Niewent deene sëlleche Fräizäitaktivitéiten – wéi Keelespill, Waasserski/Banann fueren, Theaterstécker kucke an op d’Schueberfouer goen, … – hu mir dee leschte Summer eng éischte Kéier e Beachsoccer-Tournoi zu Rouspert op der Sauer organiséiert. Och d´Fuesend si mir ënnerwee. Do geet et fir d’Éischt op d’Kaappesëtzung op Godendorf (D) an da mat eisem eegene Fueswon op den Ëmzuch op Ralingen (D) an op Waasserbëlleg.
Am Fréijoer steet oft en Inlandtour um Programm, wou mir eise Memberen e flotten a léierräichen Dag mat Visite vu modernen a fortschrëttleche Betriber ubidden. Deemno ware mir dat lescht Joer de Vitarium vun der Luxlait an d’Biogasanlag um Buchholtzerhaff besichtegen an hunn uschéissend d’Visite vun enger Kellerei op der Musel gemaach.
Säit laange Joren féiere mir an de Chrëschtmetten zu Beidler ënnert der Leedung vum Här Paschtouer Kubajak Mark e Krëppespill op. Op nationalem Plang si mir op der Foire Agricole zu Ettelbréck aktiv a bedeelegen äis un de sëlleche Manifestatiounen vun deenen anere Landjugendgruppen.
Zu den erausstiechenden Aktivitéiten zielt déi am 2-Jores-Rhythmus organiséiert Landjugend-Power-Aktioun, wou mir während 36 Stonnen fir d’Allgemengheet um Dill sinn. An deene leschte Joren hu mir esou eng ganz Rei Projeten op benevoler Basis realiséiert, wéi den Ausbau vun enger Aussiichtsplaz am Wéngert zu Waasserbëlleg, d’Opriichte vun enger Spillplaz zu Henkel oder enger Picknick- a Grillplaz zu Rouspert, d’Restauratioun vun engem ale Wäschbuer zu Bierg (Betzduerf),… Mir sinn deemno gespaant, wat déi respektiv Gemenge-Verantwortlech fir d’Editioun 2012 – déi den 8 – 9. September duerchgefouert gëtt – fir äis preparéiert hunn.
Fir datt de Grupp sech finanziell droe kann, steet all Joer eisen traditionellen Bal mam Numm “Geff Nugga” um Aktivitéitskalenner.
Zousätzlech zu dësen Aktiounen ënnerstëtze mir och ëmmer gären d’Entwécklungszesummenaarbecht vun der ONG Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l. zugonschte vun der ländlecher Bevëlkerung an Afrika. An eiser leschter Generalversammlung hu mir esou e Scheck am Wäert vun 1.000 € un déi Verantwortlech vun der ONG iwwerreecht. Ee weidere konkrete Bäitrag zur Aarbecht vun der ONG leeschte mir mat der Organisatioun vum traditionellen Dag vun der Kooperatioun, deen den 23. Oktober 2011 zu Rouspert, resp. zu Steenem mat Succès duerchgefouert gouf.





