LJ-Power 2008

zenter2_02736 Stonnen am Déngscht vun der Allgemengheet

Ënner schwieregste Wiederkonditiounen hunn sech déi regional Gruppe vun der Lëtzebuerger Landjugend iwwer de Weekend vum 13. op de 14. September während 36 Stonnen den Aufgabe gestallt, déi déi respektiv Gemengeverantwortlech fir si preparéiert haten.

Landjugend Furen

D’Landjugend Furen war um “ale Maart” zu Veianen am Asaz an huet eng Petanque-Piste ugeluecht.

Landjugend Dikkrich

D’Landjugend Dikkrich war zu Eppelduerf bei der Kierch um Dill. Si huet e Grill- a Picknickhaischen aus Holz opgeriicht.

Landjugend Maacher

D’Landjugend Maacher huet en ale Wäschbur zu Bierg (Betzder) restauréiert. Well d’Plaz ronderëm de Wäschbur der Allgemengheet als Picknick-Plaz zur Verfügung steet, sinn deemno och Bänken an Dëscher hei opgeriicht ginn.

Landjugend Süden

D’Landjugend Süden hat d’Aufgab, fir zu Fréiseng bei der Primärschoul e Léiergaart an Terrasseform mat allen – bei äis gängegen – Geméiszorten unzeleeën. Well d’Wieder net matgespillt huet, an déi Jonk de Bulli net méi meeschter gi sinn, hunn si d’Aktioun fréizäiteg missen ofbriechen. Soubal d’Wieder et erlaabt, wëllen si hir Aarbecht bei Geleeënheet nodréiglech ofschléissen.

 Landjugend Uewersauer

D’Landjugend Uewersauer war zu Donkels um Dill.  Hei huet si sech un der Restauratioun vun der aler Schoul bedeelegt. Niewent dem Botze vum Daach gouf e Gruef ronderëm d’Schoul ausgehuewen an eng Spillplaz bei der Schoul ugeluecht.

Landjugend Zenter

D’Landjugend Zenter war zu Ell am Duerf beim Centre Culturel aktiv. Hei gouf eng Plaz amenagéiert, wou een sech ophale kann. Innerhalb vu 36 Stonnen hat d’Landjugend Zenter deemno folgend Aufgaben ze realiséieren: d’Plaz mat Verbundsteng verleeën, eng Sëtzgeleeënheet schafen, eng Pétanque-Pist amenagéieren, een Hiwwel mat Planzen uleeën an eng Trap aus Holz bauen.

Landjugend Cliärref

Wéinst dem Verloscht vun engem vun hire Memberen duerch en tragescht Accident um Bauerebetrib, huet d’Landjugend Cliärref d’Aktioun 2008 ofgebrach.

 

FacebookTwitter

Comments are closed.