Patrick Coenjaerts

Vun 2003 bis 2006 un der Spëtzt vun der Jugendorganisatioun

Deem oftriedenden Nationalpresident, Patrick COENJAERTS, e grousse Merci fir säin Engagement

Patrick,

Haut (um Landjugenddag 2006) geet Deng Ära als Nationalpresident leider zu Enn. Du hues d’Lëtzebuerger Landjugend zënter dem Landjugenddag am Joer 2003 geleet. Dank Dengem Asaz huet eis Organisatioun an deene leschten 3 Joer ëmmer nees no bausse konnte weise wat si ass: een dynamesche Jugendmouvement, deen sech duerch säi soziaalt Engagement vun aneren ënnerscheet.

Am Mëttelpunkt vun dësem sozialen Engagement stounge virun allem déi zwou Landjugend-Power-Aktiounen, déi ënnert Denger Féierung organiséiert gi sinn. Am Joer 2004 sinn esou an de Gemenge Rouspert, Wanseler, Reckeng op der Mess, Baastenduerf a Wëntger regional Aktiounen am Intressi vun der Allgemengheet mat Erfolleg duerchgefouert ginn. Dat lescht Joer konnt am Kader vum europäesche LEADER+ Programm an an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Heischent an no laange Preparatiounsstonnen, déi éischt grouss national Landjugend-Power-Aktioun an der Fuusekaul realiséiert ginn.

Nieft dëse flotten Initiativen hues Du eis Memberen ëmmer nees fir Aufgabe konnte begeeschteren, déi aus deem übleche Kader vun der LLJ erausgaange sinn. Ech denken hei un d’Journées de réflexion zu Miedernach, d’Valisenaktioun zu Iechternach am Kader vun de Weltjugenddeeg zu Köln, de Mensch-Ärgere-Dich-Turnéier zu Dikrech, …

Et soll och ënnerstrach ginn, datt eis Organisatioun sech ënner Denger Presidentschaft nei Statute ginn huet an sech zu enger A.s.b.l. konstituéiert huet. D’Realisatioun vum neie Logo vun der Landjugend ass op Däin Impuls hin zustane komm.

Och dierf een déi sëlleche Stonnen net vergiessen, déis Du fir dLLJ am Asaz waars, sief dat a Versammlungen, an eisen Nationalcomitéen, fir Preparatiounaarbechten zu deen uewegenannten Aktivitéiten, …

Patrick, Du sees äis zwar haut Äddi an Denger Funktioun als Nationalpresident, mee ech hoffen, dass Du nach weiderhin een oppent Ouer fir d’Lëtzebuerger Landjugend hues an datt mir Dech nach dacks ëremgesinn.

Huel dëse Cadeau als Merci vun äis un, fir Däin Engagement am Intressi vun eiser Jugendorganisatioun…

Laurent FRANTZ
Vizepresident LLJ

 

Comments are closed.