E Joer vu …

Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.bl.

E Joer vu Changementer, vu Begéinung a vun intensivem Schaffen

Erlaabt mer, fir d’éischt op d’Situatioun an der Zentral vun der ONG anzegoen. Am ONG-News Nr. 15/2012 huet den Abbé Leo Wagener schonn op de Wiessel um Niveau vun der Presidentschaft higewisen. Doniewent gouf d’Equipe am Centre Convict am Juni 2012 mat enger neier Mataarbechterin  gestäerkt. D’Mme Jacqueline Monville, déi mat enger 20-Stonnen-Tâche fir d’ONG täteg ass, huet d’Fonktioun vun enger Chargée de projets a schafft deemno ausschliisslech un de Kooperatiounsprojeten vun der ONG. Et wor eng ganz gutt Entscheedung: D’Mme Monville ass mat hirem Wëssen an Engagement eng Beräicherung fir eis ONG.

Zënter dem 31. Dezember 2012 ass d’Mme Marie-Rose Kickert, déi laangjäreg Sekretärin vun de Verbänn vun der „Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer“ an hirer wuelverdéngter Pensioun. Mer soen hir e ganz grousse Merci fir hiert Engagement – net nëmmen am Interessi vun de Jugendorganisatiounen – ma och fir hir Aarbecht am Interessi vun der ONG. D’Plaz vun der Mme Kickert ass vun der Mme Chantal Heuschling iwwerholl ginn. Och dat wor eng gutt Entscheedung, well d’Mme Heuschling ass eng ganz engagéiert a léif Mataarbechterin!

Ville vun eise Memberen a Frënn ass scho vläicht bekannt, datt de Verwaltungsrot vun der ONG den Abbé Léon Kirsch an den Abbé Leo Wagener – meng Virgänger – zu Éierepresidenten ernannt huet. Dës Entscheedung ass en Zeeche vu Respekt an Dankbarkeet, fir déi wäertvoll Aarbecht, déi si an hirer Zäit an der Fonktioun als Presidente vun der ONG geleescht hunn. An deem Kontext wëll ech un de Pater Spoden s.j. denken, deen de Grondsteen vun eiser ONG geluecht huet.

Wa mer vu Changementer an der Zentral schwätzen, dann huet dat och mat der konkreter Aarbecht ze dinn. Am Laf vum leschte Joer ass d‘Zesummenaarbecht tëscht dem Kooperatiounsministär an den ONGen nei geregelt ginn. An deem Kader gouf och eis Comptabilitéit professionaliséiert. D’Konte ginn derniewent vun engem Réviseur d’entreprise kontrolléiert – mir schwätzen an eisem Fall vun engem „Audit simplifié“.

Wann ech am Ufank vu Begéinung geschwat hunn, dann ass dat fir op der enger Säit d’Visite d’identification am September 2012 vum Här Jean-Christophe Yaméogo, Interimspresident vun eiser Partner-ONG AMUS, a vum Här Alfred Ouédraogo, Direkter vum CTAA, ze erwähnen. Et wor eng gutt gefëllte Woch mat villen Aarbechtsëtzungen, engem Treffen am Kooperatiounsministär a wichtege Gespréicher a Reflexiounen. Dës Visite d’identification an och d’Visite de suivi vum Kooperatiounsprojet Centre Technique de l’amélioration de la traction asine – CTAA am Burkina Faso am Februar 2013 – mat der Bedeelegung um Comité de Pilotage Stratégique vum Här Marcel Scheidweiler a vun der Mme Jacqueline Monville – si wichteg Momenter an der Entwécklung vum Zentrum.

Op der anerer Säit wor et am November 2012, d’Begéinung vun engem Grupp vu Jonken mat deene Mënschen am Burkina Faso, fir déi mer äis engagéieren. Et wor eng Rees vu grousser Bedeitung, fir déi meescht wor et déi éischte Kéier, datt si an Afrika waren. Si wor verbonnen mat villen Entdeckungen, schéine Begéinungen – awer och mat intensivem Ausserneesetzen mat der Entwécklungszesummenaarbecht!

Et ass mer wichteg, fir nach zwou Persounen ze erwähnen, déi gutt Aarbecht fir d’Entwécklungszesummenaarbecht vun de LJB & JW am Laf vun de Jore geleescht hunn. Dat ass un éischter Stell dee fréiere Projekt-Manager, den Här Marcel Scheidweiler. Mir sinn him zu groussem Dank verpflicht, fir säin Organiséieren a Begleeden vun dëser beandrockender Rees a virun allem fir säi laangjäregt Engagement als Begleeder vum Projet CTAA. Dofir verdéngt hien eise gréisste Respekt!

Deen Zweeten ass den Här Antoine Mailliet. Eestëmmeg ass de Virschlag vum CA ugeholl ginn, fir den Antoine Mailliet mat der „Médaille du mérite de l’Eglise catholique de Luxembourg“ auszezeechnen. Hien ass e Pionéier vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef am Burkina Faso an zielt zu deenen, déi virun iwwer 50 Joer – mat dem Pater Spoden – de Grondsteen vun der ONG geluecht hunn. Et ass interessant ze erliewen, wéi de Numm vum Här Mailliet, deen duerch säin Asaz, d’Liewe vun de lokale Baueren zum Positive verännert huet, nach haut e wichtege Begrëff bei der Landbevëlkerung am Burkina Faso ass.

Niewent all deenen ausgedréckte Mercien, wëll ech déi vill wäertvoll Ënnerstëtzungen – siefen se materieller oder moralescher Natur – net vergiessen, op déi d’ONG ëmmer nees ziele kann. Och de Lëtzebuerger Kooperatiounsministär – mat der Madame Minister Marie-Josée Jacobs – schléissen ech an dës Mercien an. Ouni déi vill Zeeche vu Solidaritéit wir d’Realisatioun vun eiser Aarbecht am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung an Afrika net ze meeschteren!

Abbé Romain Richer
President

Hannerlooss eng Äntwert