Aktuelle Beroder

Nom Depart vum Annick Pütz war ee Stull am Oekozenter onbesat, dëse besetzt elo den Tom Van den Bossche, fir dem Marc Jacobs bei deene verschiddene Projeten ënnert d’Äerm ze gräifen.

Säit September 2022 ass hie fäerdeg mat sengem Studium op der Uni „Agro-Bio Tech Gembloux“ an der Belsch. Och wann hie selwer net aus enger Bauerefamill kennt, ass hie scho vu Klengem un vun der Gemeinschaft, der Natur an der Aarbecht ronderëm d’Landwirtschaft begeeschtert. Iwwert de Studium vum Bio-ingénieur mat der Spezialisatioun an de „Sciences Agronomiques“ huet den Tom säi Wee an den Oekozenter Pafendall a soumat och an d’Welt vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft fonnt.

Aktuell stoung d‘Auswäertung vun der Ëmfro iwwer d’Landwirtschaft an Naturschutz am Mëttelpunkt an den Tom gräift dem Marc scho fläisseg ënnert d’Äerm. Duerch dës Ëmfro soll ob aktuell Problemer tëschent dem Naturschutz an der Landwirtschaft opmierksam gemaach ginn, an d’Fundament fir nei Projeten an der Landwirtschaftsberodung bilden.

Ufank Oktober, pünktlech zum Start vum neien Erasmus+ Projet „Climate Farming“, wou den Oekozenter Pafendall aktive Partner ass, huet den Tom ob senger neier Plaz ugefaangen. An dësem Projet wäerte gemeinsam mat däitschen an tschechesche Partner Dokumenter ausgeschafft ginn, déi d’Beroder an d’Bauere benotze kënnen, fir hir Betriber besser ob déi zukünfteg klimatesch Bedingungen unzepassen an aktiv géint de Klimawandel vir ze goen.

Zousätzlech steet d’Zesummenaarbecht mat der Sicona beim Projet „Natur genéissen“ am Vierdergrond, wou d’ökologesch Landwirtschaftsberodung mathëlleft, déi verschidde Krittäre vum Projet auszeschaffen.

Mam Uleeë vun engem neien Zwëschefruucht-Feldversuch a weidere Projete mat Bléck ob d’Landwirtschaft an d’Natur, bleift am Joer 2023 nach vill Aarbecht fir eisen neie Mataarbechter.

Wann Dir Froen oder Ureegungen zu dëse Projeten hutt, dann zeckt net fir mam Tom a Kontakt ze trieden.

 

Comments are closed.