Zugonschte vun der Entwécklungszesummenaarbecht vun der ONG am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung an Afrika
Mir weisen drop hin, datt nei Kaarte mat Impressiounen aus dem Burkina Faso vum Philippe Mitsch, laangjärege Member, a Romain Richer, President vum Verwaltungsrot vun der ONG, am Drock sinn an an der Zentral vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren bestallt kënne ginn.
Den Erléis vum Verkaf vun dëse Kaarten, fir bei Geleeënheet vun enger Daf, enger Hochzäit, engem Anniversaire, engem Stierffall, … fléisst an d‘Entwécklungszesummenaarbecht, déi eis ONG am Burkina Faso mat hire lokale Partner realiséiert.
Präis:
Bei der Bestellung vun 1 bis 9 Kaarten: 3 € (ouni den Envoi)
Bei der Bestellung vun 10 Kaarten un: 2,50 € (ouni den Envoi)
Drock: Fondation Autisme Luxembourg
Bestellung
Fir Är Bestellung vun de "Kaarte fir de gudden Zweck" opzeginn, biede mir Iech dëse Formulaire korrekt auszefëllen.