Pressekonferenz

Am Virfeld vum Startschoss zu de Realisatiounsaarbechte vum “Bauerenhaff an der Stad” hunn déi Verantwortlech vun der LLJ – zesumme mam Landwirtschaftsminister Fernand Etgen – e Freideg, de 24. Mäerz 2016, op eng Pressekonferenz an de Landministère agelueden.

Wéi dës Fotoen et weisen, gouf et groussen Interessi vu Säite vun de Verantwortleche vum Landwirtschaftsministère, der Stad Lëtzebuerg, der Lëtzebuerger Press, de landwirtschaftleche Verwaltungen, den Ënnerstëtzer a Sponsore vun der Aktioun an och vun de Vertrieder vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ).

Den Här Minister Etgen huet bei där Geleeënheet der LLJ e grousse Merci ausgeschwat, fir hire virbildlechen Asaz, wat d’Sensibilisatiounsaktiounen zur Verbesserung vum Image vun der Landwirtschaft betreffen.

Informatioune fir d’Press

 

Comments are closed.