Den Aarbechtsgrupp “Agrarpolitik” vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.
Den Aarbechtsgrupp “Agrarpolitik” vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) setzt sech zesummen aus Memberen, déi am Nationalcomité vun der LLJ vetruede sinn. Si versammelen sech zwee bis dräimol am Mount a bespriechen – ënner anerem – aktuell agrarpolitesch Entwécklungen op nationalem an europäeschem Plang. Si huele Stellung a schaffe Verbesserungsvirschléi aus. Doniewent sti regelméisseg Treffe mat de beruffsspezifesche Verwaltungen a Ministerien um Programm.
Dëse Gremium steet am direktem Kontakt mat der ekologescher Landwirtschaftsberodung vum OekoZenter Pafendall.
Den Aarbechtsgrupp ass duerch d’Statute verflicht, regelméisseg dem Nationalcomité vun der LLJ e Bericht iwwer seng Aarbecht virzeleeën an e järleche Rapport d’activité op der Generalversammlung ze presentéieren.
Membere vum Aarbechtsgrupp “Agrarpolitik”