Christian Hahn

Zënter dem 26. Abrëll 2007 un der Spëtzt vun de LJB & JW

De Christian Hahn ass neie President vun de
Lëtzebuerger Jongbajongbauerendag2008_040ueren a Jongwënzer

Zënter dem 26. Abrëll 2007 huet de Christian HAHN vu Rued (Réiden) d’Presidentschaft vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer vu sengem Virgänger, dem Tom LEONARDY iwwerholl. Hien huet sech spontan bereet erkläert, op e puer Froen zu senger neier Charge anzegoen.


Kuerz perséinlech Virstellung

Christian HAHN, gebuer den 23. September 1983, wunnt zu Rued (Réiden)

Schouleschen Ofschloss: 13e Technique agricole am LTA zu Ettelbréck 2002 – 2003
Memberschaft: Member vum Nationalcomiteé vun de LJB & JW zënter 2003; Member vum Präsidium vun de LJB & JW; Member vum Aarbechtsgrupp Zuucht vun de LJB & JW; Vizepresident vum regionale Grupp Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – Zenter a.s.b.l.

Hobbyen: Fussball (S.C. Ell), Poker

Verbandsspezifesch Virstellung

Als Member vum Nationalcomité a vum Präsidium hues Du sécher deng Virstellunge vun deem, wat deng Aufgab als President wäert sinn:

D’Leedung vum Verband vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer wëll ech a gudder Zesummenaarbecht mat dem Nationalcomité a mat dem Präsidium duerchféieren. Doriwwer eraus striewen ech eng gutt an enk Zesummenaarbecht mat deene regionale Gruppen an dem Grupp Zuucht un.

Ech wäert mir Méi ginn, fir ëmmer fir jiddwer Grupp een oppent Ouer ze hunn a fir hinnen – souwäit et a mengem Kompetenzberäich steet – weiderzehëllefen.

Wat fir eng Akzenter wëlls du als President an deenen nächste Joren setzen?

D’LJB & JW sollen e jonken an dynamesche Verband bleiwen, dee säi Pefferkär an der Agrarpolitik bäileet.

Ech sinn dofir, datt mir äis a Punkto erneierbar Energië mat méi Drock bei der Politik asetze sollen. Ofgesinn dovun, datt mir äis deenen aktuellen Erausfuerderungen a Punkto Klimawandel an Nohaltegkeet musse stellen, ass et wichteg, datt dëst neit Standbeen fir d’Landwirtschaft a Bauerenhänn bleift an dofir mussen elo schonn déi politesch Weiche gestallt ginn.

Wéi gesäis Du et, fir President vun enger Organisatioun ze sinn, déi zënter bal 80 Joer am Jugendberäich an op agrarpoliteschem Plang täteg ass?

Fir mech ass et eng grouss Éier, déi Funktioun bei de LJB & JW däerfen unzehuelen an ech verspriechen, datt ech mäi Bescht wëll maachen, fir de Verband an deenen nächste Joren ze leeden.

Et ass fir mech wichteg, datt déi gutt Aarbecht, déi bis elo um agrarpolitesche Plang gemaach ginn ass, onbedéngt weidergefouert gëtt. Zenter där Zäit, wou ech bei de LJB & JW aktiv sinn, ass et mir ëmmer nees opgefall, datt bei deenen zoustännegen Instanzen op d’Meenung vum Verband Wäert geluecht ginn ass. Déi berechtegt Fuerderunge vun de LJB & JW sinn ëmmer nees op oppen Ouere gestouss an domat hu mir scho vill fir d’Acteuren an der Lëtzebuerger Landwirtschaft erreecht.

Et ass allgemeng gewosst, datt et haut vill méi schwéier ass, d’Membere bei der Staang ze halen. Haut huet jidderee vill Engagementer an dat wierkt sech negativ op d’Verbandsaarbecht aus. Wéi gesäis Du dat ?

Menger Meenung no, ass dat bei de LJB & JW net esou staark de Fall. Jiddereen dee sech op iergendeng Manéier fir de Verband asetzt, weess datt dat him selwer meeschtens och zegutt kënnt. Mir hunn eng ganz Rei Memberen, déi anerwäerts nach vill engagéiert sinn, mee wann ee si brauch, da sinn si ëmmer do. Vun dëser Plaz aus wëll ech dovu profitéieren, fir hinnen ee grousse MERCI fir hir Mathëllef auszespriechen.

Ech vu menger Säit aus wëll probéieren, duerch eng gesond a gutt Mëschung vu fachspezifescher Aarbecht engersäits a vu gesellegem Matenaner tëscht eisen eenzele regionale Gruppen anerersäits, eis Membere bei der Staang ze halen.

Wéi denks Du, datt d’Membere kënne motivéiert ginn, fir datt d’LJB & JW och nach weiderhin hiren « Pefferkär » zu den aktuellen agrarpoliteschen Theme bäidroe kënnen.

Duerch déi gutt Aarbecht aus deene bal 80 Joer Verbandsaarbecht vun de LJB & JW sinn um agrarpoliteschen Niveau vill staark Akzenter gesat ginn. Dat eleng ass scho Motivatioun genuch. Ech wëll awer kee Moment verpassen, fir eis Leit weiderhin ze motivéieren, well mir och haut nach eist d’Wuert ze soen hunn a meeschtens dat néidegt Gehéier dofir fannen. Mir dierfen äis net op eise Lorberen ausrouen, mee mir mussen dru schaffen, datt dat och an deenen nächste Joren esou bleift. Eis Meenung ass gefrot a muss och weiderhin am Intressi vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft an déi agrarpolitesch Diskussiounen afléissen.

Am Joer 2009 feiert d’ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer- Service Coopération a.s.b.l.” hire 50. Anniversaire. 1959 hunn sech déi deemoleg Verantwortlech vun de LJB & JW – ënner dem Impuls vum Pater Spoden – dozou verflicht, sech aktiv fir d’Mënschen am ländleche Raum an Afrika ze engagéieren. Konkret Entwécklungszesummenaarbecht ass zënterhier bei äis en Thema a feste Bestanddeel vun eiser Verbandsaarbecht. Wéi stees Du zu dësem Engagement?

Als laangjäregen aktive Member vum “Zenter” (Keessier, Vizepresident) ass d’Entwécklungshëllef vun de LJB & JW fir mech natierlech ee Begrëff. Bekanntlech organiséiert eise Grupp am Zweejores-Rhythmus zu Foulscht resp. zu Rammerech deen traditionellen Dag fir d’Entwécklungshëllef – dee mëttlerweil Dag vun der Kooperatioun genannt gëtt – fir der ONG den Erléis vum Dag fir hir Entwécklungsprojeten an Afrika zoukommen ze loossen.

Als neien Nationalpresident stinn ech voll a ganz hannert deem Engagement, well dëst eng wichteg Saach ass. Mir kënnen an dierfen et net einfach akzeptéieren, datt déi meescht vun äis hei an Europa am Iwwerfloss liewen an et am 21. Joerhonnert nach ëmmer Millioune vu Mënsche gëtt, deenen et um Néidegste feelt. Ech begréissen deemno och all d’Aktivitéiten, déi eis regional Gruppen an d’A faassen, fir d’ONG oder aner sozial Wierker am In- oder Ausland ze ënnerstëtzen. Am Nationalcomité wäerte mir jiddefalls och an der Zukunft nach déi eng oder aner Aktioun plangen, déi der Aarbecht vun der ONG zegutt kënnt. Ech wëll vun dëser Geleeënheet profitéieren, fir ze soen, datt mir d’Aarbecht vun eisem Aumônier, dee President vun der ONG ass, ënnerstëtzen, sou gutt et äis méiglech ass.

Mir soen dem Christian ee grousse Merci fir seng Bereetschaft, op dës Froen ze äntweren a wënschen him vill Erfolleg a Satisfaktioun bei der Ausübung vun sengem neien Engagement.

 

Comments are closed.