LJ-Power 2014

LJ-Power-2014 - Zenter_043Iwwer de Weekend vum 30. – 31. August 2014 gouf a 5 verschiddene Gemengen am Land déi sougenannte Landjugend-Power-Aktioun vun der Lëtzebuerger Landjugend duerchgefouert.

Op en Neits hunn d’Memberen aus de regionale Landjugendgruppen sech innerhalb vu 36 Stonnen enger Aufgab gestallt an eng gemeinschaftlech Aarbecht realiséiert, déi der lokaler Bevëlkerung am ländleche Raum zegutt kënnt. D’Aarbecht, déi de Grupp fir déi respektiv Gemeng realiséiert huet, gouf am Virfeld vun de Gemengeverantwortleche geplangt a preparéiert. Si ass bis dee leschte Moment geheim bliwwen. Dat néidegt Material an Handwierksgeschir ass dem Grupp vum technesche Service aus der Gemeng zur Verfügung gestallt ginn.

Aus organisatoresche Grënn huet d’Aktioun, déi d’Landjugend Süden zu Garnech ëmsetze sollt, annuléiert misse ginn. Bedéngt duerch dee groussen Asaz, deen dee klenge regionale Landjugendgrupp Furen fir d’Organisatioun vum Landjugenddag ze bewältegen hat, huet de Grupp sech 2014 verständlecherweis net un der Aktioun bedeelegt.

Réckbléck op d’Landjugend-Power-Aktioun 2014

 

Comments are closed.