Réckbléck op d’Landjugend-Power-Aktioun 2014

LJ-Power 2014Iwwer de Weekend vum 30. – 31. August 2014 gouf a 5 verschiddene Gemengen am Land déi sougenannte Landjugend-Power-Aktioun vun der Lëtzebuerger Landjugend duerchgefouert.

Op en Neits hunn d’Memberen aus de regionale Landjugendgruppen sech innerhalb vu 36 Stonnen enger Aufgab gestallt an eng gemeinschaftlech Aarbecht realiséiert, déi der lokaler Bevëlkerung am ländleche Raum zegutt kënnt. D’Aarbecht, déi de Grupp fir déi respektiv Gemeng realiséiert huet, gouf am Virfeld vun de Gemengeverantwortleche geplangt a preparéiert. Si ass bis dee leschte Moment geheim bliwwen. Dat néidegt Material an Handwierksgeschir ass dem Grupp vum technesche Service aus der Gemeng zur Verfügung gestallt ginn.

D’Landjugendgruppe waren a folgenden Uertschaften am Asaz:

LLJ Cliärref zu Aasselbueren

LLJ Dikkrich zu Ettelbréck

LLJ Maacher zu Rued

LLJ Uewersauer zu Harel

LLJ Zenter zu Uewerpallen

Aus organisatoresche Grënn gëtt d’Aktioun, déi d’Landjugend Süden zu Garnech ëmsetze sollt, zu engem spéideren Datum nogeholl. Bedéngt duerch dee groussen Asaz, deen dee klenge regionale Landjugendgrupp Furen fir d’Organisatioun vum Landjugenddag ze bewältegen hat, huet de Grupp sech dëst Joer verständlecherweis net un der Aktioun bedeelegt.

 

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert