Kooperatiounsrees an de Kamerun

Départ Cameroun - 08-09-2014 - 2E Méindeg, den 8. September 2014 ass e Grupp vu 5 Jonken aus de Verbänn vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer mam Abbé Romain Richer, President vun der ONG, fir 10 Deeg vum Findel aus, an de Kamerun geflunn.

Um Programm vun der Rees stinn d’Visite vun de Kooperatiounsprojeten, déi d’ONG mam laangjärege lokale Partner, de Soeurs de Sainte-Marie, zu Zoétélé an zu Soa ëmgesat huet, resp. vum neie Kooperatiounsprojet, deen zënter Februar 2014 zu Soa realiséiert gëtt. Hei gouf de Bau vun enger klenger zweestäckeger Maternité am Areal vum Dispensaire vun der verantwortlecher Schwëster Marie Pierrette Akoa Oboé an d’A gefaasst, fir d’Accouchementer ënner bessere Konditiounen ausféieren ze kënnen. D’Detailer zum Projet, deen Enn 2014 ofgeschloss wäert sinn, fënnt een op de Säite 14 a 15 am ONG-News 2014.

Niewent der Visite vun de Projeten, gëtt d’Kenneléiere vu Land a Leit grouss geschriwwen. En touristesche Volet kompletéiert de Programm vun dëser 2. Kooperatiounsrees, déi vum Abbé Romain Richer, fir d’Membere vun der LLJ – JB & JW organiséiert ginn ass an hinnen en Abléck an d’Aarbecht vun der ONG bidde soll.

Dem Laurent Frantz, deen och op der Lëscht vun de Participante stoung, an sech – bedéngt duerch en uergt Aarbechtsakzident – huet misse kuerzfristeg ofmellen, wënsche mir eng schnell a gutt Besserung.

Foto: (v.l.n.r.) Laure Scholtus, Tanja Krischler, Caroline Scholtus, Tessy Schiltz, Romain Richer, Pol Majerus

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert