LJ-Power 2016

lj-power2016_001Mat deem gewinnten Enthusiasmus an an enger entspaanter Atmosphär ass déi 10. Editioun vun der Landjugend-Power-Aktioun a 6 Gemengen am Land iwwer de Weekend vum 11. – 12. September 2016 duerchgefouert ginn.

D’Membere vun de regionale Landjugendgruppe Cliärref, Dikkrich, Furen, Maacher, Uewersauer an Zenter hunn sech deemno den Aufgabe gestallt, déi déi respektiv Gemengeverantwortlech fir si a deene verschiddenen Uertschafte fir d’Aktioun virgesinn haten an déi e Sonndeg den Owend ofgeschloss sollt sinn. Well d’Landjugend Süden sech um Trakter-Parcours bedeelegt huet, deen all Joer zum Gedenken un hiren – ze fréi verstuerwene  – jonke Member Änder Guth organiséiert gëtt, huet de Grupp sech verständlecherweis dëst Joer net un der Aktioun bedeelegt.

Innerhalb vu 36 Stonne goufen deemno op en Neits eng Rei Aktivitéite vun de Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) realiséiert, déi der Allgemengheet zegutt kommen. Esou gouf zu Maarnech vun der LLJ Cliärref an zu Baastenduerf vun der LLJ Furen  jeeweils eng Petanque-Pist amenagéiert, zu Ierpeldeng (Ettelbréck) vun der LLJ Dikrich eng Grillplaz gebaut an zu Mënjecker vun der LLJ Maacher, respektiv zu Miersch vun der LLJ Zenter jeeweils e Chalet opgeriicht. D’LLJ Uewersauer huet hirersäits eng Spillplaz zu Ierpeldeng bei Wooltz fir d’Kanner fit gemaach.

Wéi d’Fotoen et beweisen, ka mat Stolz op eng weider flott Aktioun zréckgebléckt ginn, déi vun de Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren mat vill Engagement am Interessi vun den Duerfgemeinschaften orgniséiert ginn ass. Dësen Engagement gouf op ville Plazen duerch d’Präsenz vun den Autoritéiten geéiert.

Fotoen

 

Comments are closed.