Presidenten

Mat der Statutenännerung vum 15. Abrëll 2016 stinn 2 Presidenten un der Spëtzt vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.”.

Ee vun de Presidenten ass fir de Volet zoustänneg, deen sech op d’Aktivitéite vun der Landjugend bezitt (Benevolat am Déngscht vun der Allgemengheet, Fräizäitaktivitéiten, …), deen zweete fir d’Aktivitéiten, déi a Verbindung mam Beruf vum Jongbauer stinn (Foire Agricole, Jongbauerendag, Informatiounsversammlungen, ekologesch Landwirtschaftsberodung, …)

Fir d’Landjugend ass dat d’Marthe Bourg, fir d’Jongbaueren ass et de Charel Ferring.

An den Ënnerrubriken (Toolbar lénks), fannt Dir d’Presidenten, déi d’Lëtzebuerger Landjugend a.s.b.l. an d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer a.s.b.l. bis zum Zäitpunkt vun eiser Reorganisatioun (Generalversammlung vum 15. Abrëll 2016) geleet hunn.

 

Comments are closed.