Remy Harpes

Vun 2006 bis 2010 un der Spëtzt vun der Jugendorganisatioun

Zënter dem Landjugenddag 2006 huet d’Lëtzebuerger Landjugend en neie President an der Persoun vum Remy HARPES. Dee Wiessel an der Presidentschaft vun der LLJ huet de Patrick COENJAERTS, deen eise Jugendmouvement zënter dem Landjugenddag 2003 bis de 25. Mee 2006 gefouert huet, an der Generalversammlung, de 24. Mäerz 2006 zu Ettelbréck ugekënnegt. Während senger Usprooch um Éierewäin um Landjugenddag zu Rulljen konnt hien de Numm vu séngem Nofolger bekannt ginn an de Remy der Ëffentlechkeet kuerz virstellen.

Mat dësem Interview wëlle mir de Remy och eise Lieser virstellen, deen zënter enger Rei vu Jore beim “Zenter” aktiv an am Nationalcomité vertrueden ass.

Remy HARPES, gebuer, den 3. Oktober 1979
Wunnt zu: Rippweiler
Beruff: Fräiberuffler
Aktivitéiten: Member vum Nationalcomité vun der LLJ zënter 2001
Sekretär vun der Landjugend Zenter zënter 2000
Hobbyen: Wanderen, Abenteueraktivitéiten, Moto fueren, Schwammen, Mountainbike

Remy, mir kennen Dech zënter Joren als aktive Member vun der LLJ Zenter an an eisem Nationalcomité. Deng wertvoll Mataarbecht an deng positiv Impulser op regionaler, wéi och op nationaler Basis, wësse mir ze schätzen. Wat huet Dech motivéiert, dës nei Erausfuerderung als Nationalpresident vun der “Lëtzebuerger Landjugend” unzehuelen?

Ech war schonn e bëssen iwwerrascht, wéi de Patrick op eiser leschter Generalversammlung ugekënnegt hat, datt hien d’Funktioun vum Nationalpresident wëllt ofginn. Wéi hie mech doropshin eng Kéier op seng Nofolleg ugeschwat huet, hunn ech mir scho meng Gedanke gemaach, op ech dee Poste sollt unhuelen oder net. Ee Réckbléck op déi lescht Jore vun eisem Jugendmouvement an eng positiv Astellung wat d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Landjugend ubelaangt, hu mech schliisslech dozou motivéiert dës, Erausfuerderung unzehuelen. Ech denken och, datt mir mam Patrick um richtege Wee am Intressi vun eiser Jugendorganisatioun waren an dofir wëll ech déi ageschloe Richtung weidergoen.

Als Member vum Nationalkomitee hues Du sécher Deng Virstellunge vun deem, wat Deng Aufgab als President vun der Landjugend wäert sinn?

Wann een déi eenzel Gruppen ënnert d’Lupp hëlt, da mierkt een, datt si zimlech verschidde sinn. Déi eng Gruppe setzen sech aus Memberen zesummen, déi zum groussen Deel nach Bauere sinn. Deenen aneren hir Memberschaft setzt sech aus Jugendlechen zesummen, déi kaum nach am Bauereberuff verwuerzelt sinn. Et ass deemno kloer, dass d’Ausriichtung vun den Aktivitéiten an de Gruppe verschidden ass. Dësen Ënnerscheed mécht sech natierlech och am Nationalcomité bemierkbar, wann all d’Gruppen un engem Dësch sëtzen. Meng Haaptaufgab wäert et sinn, d’Gruppen ëmmer erëm un een Dësch ze bréngen an dee richtege Mëttelwee ze fannen, fir dann zesummen un engem Strang ze zéien.

Wat fir eng Erwaardungen hues Du un den Nationalcomité an un déi regional Gruppen?

Ech hoffen, datt d’Membere vum Nationalcomité esou motivéiert bleiwen, wéi si et an deene leschte Joren ëmmer waren an datt si déi ausgeschafften Iddien mat an d’Gruppen huelen, fir se do – am Intressi vun allen – ëmzesetzen. Un déi regional Responsabel maachen ech gläichzäiteg en Appell, ëmmer erëm nei Membere fir hire Grupp ze gewannen, si an d’Organisatioun mat anzebannen an hinnen mat Zäite Responsabilitéit ze iwwerdroen. Nëmmen esou kann e Veräin op laang Weil weiderbestoen.

Kanns Du äis Deng Erfahrunge matdeelen, déi’s Du bei der LLJ Zenter gemaach hues?

Wichteg Erfahrungen hunn ech ganz sécher bei deene verschiddene Mähdreschercrosse gewonnen. Et ass scho flott, wann een esou een Event mat organiséiere kann – och wann et groussen Asaz vun engem verlaangt.

Eng weider ganz flott Erfahrung war och eise Rekordversuch am Kader vum 75. Anniversaire vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer, deen an d’Guinessbuch opgeholl ginn ass. Hei huet ee gemierkt, datt déi Iddien, déi een am Geck mécht, awer heiansdo déi Bescht sinn.

Am Resumé kann ech soen, datt mir nach kee Moment leed gedoen huet, wou ech mech beim “Zenter” engagéiert hunn!

Mir wënschen dem Remy “Bonne Chance” a senger neier Funktioun a soen dem Patrick ee grousse Merci fir säin Engagement am Déngscht vun der Landjugend.

Comments are closed.