Zënter dem 9. Abrëll 2010 un der Spëtzt vun der Jugendorganisatioun
Jiddereen ass wëllkomm
Nom Remy Harpes sengem laangjäregen Engagement als President vun der Landjugend, ass d’Carmen Schiltz un d’Spëtzt vun eiser Jugendorganisatioun gewielt ginn
Zënter der dësjäreger Generalversammlung, déi den 9. Abrëll 2010 am Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck ofgehale gouf, huet d’Lëtzebuerger Landjugend (LLJ) eng nei Presidentin an der Persoun vum Carmen SCHILTZ.
De Remy HARPES, deen eise Jugendmouvement vum Landjugenddag 2006 u gefouert huet, huet säi Récktrëtt am Nationalcomité am Dezember 2009 bekannt ginn. Am Nationalcomité am Mäerz 2010 ass dunn d’Carmen eestëmmeg zur Presidentin gewielt an op der Generalversammlung am Abrëll bestätegt ginn.
Mat dësem Interview wëlle mir vun der Geleeënheet profitéieren, fir eise Lieser d’Carmen virzestellen. D’Carmen ass zënter enger Rei vu Jore bei der regionaler Landjugendgrupp Maacher aktiv an ass zënterhier och am Nationalcomité vun der Lëtzebuerger Landjugend vertrueden. Vun 2006 un, huet d’Carmen d’Funktioun vun der Vizepresidentin vun der Jugendorganisatioun gedroen.
Interview mat der neier LLJ-Presidentin Carmen Schiltz