Merci Leo

visitebenin2007_leo_079Mat Dankbarkeet denke mir un déi laangjäreg Zesummenaarbecht mam Nationalaumônier Leo Wagener zréck

An der Versammlung vum Nationalcomité vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer (LJB&JW) vum 11. Oktober 2011 huet de Leo senge jonke Frënn ugekënnegt, datt hien d’Funktioun vum Nationalaumônier net méi ausféiere kann, well hien op enger méi breeder Plattform fir d’Lëtzebuerger Kierch täteg gëtt an – ënner anerem – zum Bëschoflechen Delegéierten fir d’Pastoral ernannt ginn ass.

Um dësjärege Jongbaueren- a Jongwënzerdag (2011) gouf dunn definitiv vum Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich bestätegt, datt de Leo vun sengem Amt als Nationalaumônier vun eise Verbänn entpflicht gouf.  Gläichzäiteg huet den Här Äerzbëschof awer och bekannt ginn, datt den Abbé Romain Richer d’Funktioun vum neien Nationalaumônier vun eise Verbänn iwwerhëlt.

Mir loossen de Leo deemno mat schwéierem Häerz goen. Ëmmerhin huet hien zënter 1991 am Déngscht vun der Jugend aus dem ländleche Milieu gestanen. Deemools huet de „klenge Leo“ d’Funktioun vum Abbé Léon Kirsch iwwerholl an huet d’Linn vun de markante Perséinlechkeete vun eisen Associatioune weidergefouert.

Déi wichteg Tâche vum Nationalaumônier vun eise Verbänn huet d’Monique Hermes ganz wonnerbar an hirem Artikel ënner dem Titel “Engagierte Aumôniers haben den dynamischen Verband geprägt” beschriwwen. Dësen Artikel gouf am Virfeld vun der Scéance académique, déi de 26. Oktober 2003 am Kader vum 75. Anniversaire vun den LJB&JW zu Kolmer-Bierg ofgehale gouf, am Lëtzebuerger Wort publizéiert.

D’Mme Hermes schreift vum éischten Nationalaumônier, dem Jesuite-Pater Henri Spoden, datt hien 1959 zesumme mat „senge“ Männer, d’Entwécklungszesummenaarbecht an der deemoleger Obervolta ënner dem Motto Hilfe zur Selbsthilfe gestart huet an datt dat bedeitend Wierk, dat de wäitsiichtege Pater an Afrika ageleet huet, duerch seng béid Nofolger weidergefouert gouf/gëtt.

Wäertvoll Aarbecht am Intressi vun deene Jonken hei zu Lëtzebuerg an dem Bauerestand an Afrika

D’Reporterin erkennt déi wäertvoll Aarbecht, déi d’Nationalaumôniere fir déi Jonk aus dem ländleche Raum duergestallt hunn – a sécherlech weiderhin duerstelle wäerten. Si bemierkt deemno: „Doch die Rolle des Aumôniers beschränkt sich beileibe nicht nur auf den – äußerst wichtigen Bereich der Entwicklungshilfe. Seit Pater Henri Spoden ist er bei den Jungbauern und Jungwinzern die zentrale Figur, der zuerst einmal Garant der Kontinuität ist. Er wird zum „Gedächtnis“ – oder um im Komputerjargon zu bleiben, zur „Memoire“ – des Verbandes. Ihm fällt die Aufgabe zu, junge Menschen in schwierigen Fragen – etwa beruflicher Art, jedoch auch was Kirche und Glaube betreffen – zu begleiten, denn bei den Jungbauern und Jungwinzern sowie der Landjugend steht der ganze Mensch im Mittelpunkt.“

Am Gespréich mat der Reporterin huet de Leo seng Aufgab innerhalb vum Verband esou beschriwwen: “Op den Aumônier leeft villes zou a vun him geet villes aus. Hien huet d’Méiglechkeet fir Kontakter ze knäppen. Heiansdo verspiert en och Drock an esouguer Frust, well dat Administratiivt erschléit. Dat Spezifescht beim Aumônier vun de Jongbaueren a Jongwënzer ass nämlech, datt hie quasi eng Zort ‘Permanent’ ass – mat Sekretärsaarbecht a Verwaltung vun der Keess, als Zeitungsredakter, President vun der ONG, éischte Responsabel fir d’Entwécklungsaarbecht a virun allem als wichtegste Punkt och nach zoustänneg fir déi ganzheetlech Begleedung vum Mënsch. An Zukunft däerft dat schwéier ginn!”

Domat ass a kuerze Wierder dat breet Aarbechtsfeld vum Leo beschriwwe ginn. 20 Joer laang huet hien dës Tätegkeet mat vill Mënschlechkeet, Versteesdemech, fachlecher Kompetenz a groussem Engagement am Intressi vun deene Jonken hei zu Lëtzebuerg an dem Bauerestand an Afrika assuréiert.

Mat grousser Dankbarkeet denke mir un déi wäertvoll Zäit mam Leo zréck, wou mir – sief dat an de regionale Gruppen, op nationalem Plang, an der ONG oder an der Zentral vun eisen Associatiounen – op d’Ënnerstëtzung, d’Hëllef an seng Rotschléi zréckgräife konnten. Am Numm vun alle Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend, de Jongbaueren a Jongwënzer, der ONG Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Cooperation a.s.b.l. an der Equipe aus der Zentral am Centre Convict sprieche mir dem Leo eis grouss Unerkennung aus a wënschen him a senger neier Funktioun ganz vill Satisfaktioun.

Deen neien Nationalaumônier Romain Richer heesche mir häerzlech wëllkomm a wënschen och him vill Freed a Satisfaktioun mat deene Jonken aus eise Verbänn.

Carmen Schiltz, Presidentin LLJ
Jeff Boonen, President LJB & JW
Patrick Coenjaerts, President LLJ – JB & JW

E weidere grousse Merci, ausgeschwat vum Remy Harpes – am Numm vun der Daachorganisatioun LLJ – JB & JW – bei Geleeënheet vum Landjugenddag 2012

Comments are closed.