Dikkrich

Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer
Dikkrich a.s.b.l.

Mir bestinn zënter 1975 ënnert dem Numm “Landjugend Dikkrich” an haten mam Josy Lies eisen éischte Prësident. Eis Memberen kommen zum gréissten Deel aus dem Raum Dikkrich-Ettelbréck, mee mir hunn och Memberen aus anere Géigenden vum Land.

Theater spille mir am allerléifsten, also net nëmmen dobaussen, mee haaptsächlech op de “Brieder, déi d’Welt bedeiten”. Dobäi kann ee roueg soen, datt d’Leit ëmmer erëm gäeren all Joers kucken kommen – an et ginn der ëmmer méi.

D’Cavalcaden – a besonnesch déi zu Dikkrich – loosse mir äis net bal laanscht d’Nues goen. Mir sinn do mat eisem eegene Won regelméisseg präsent.

Nach ee ganze Batz aner Aktivitéiten sti bei äis um Programm. Sou haten mir 2002 een Inlandstour gemaach, wou mir de Chantier vum Gousseldénger Tunnel vun der Nordstrooss kucke waren. Well et do sou ferm gestëppst hat, si mir dono d’Simon’s Brauerei op Woolz kucke gaang an hunn do eisen Hals gutt kënne schmieren.

Schon als traditionell kann een eise Bal bezeechnen, dee mir am November an der Fuussekaul beim Pier ofhalen.

Op nationalem Plang an am Kader vun der Entwécklungshëllef vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer si mir och net ontäteg. Sou haten mir 2001 den Dag vun der Entwécklungshëllef zu Branebuerg organiséiert. Am Nationalcomité si mir och gutt vertrueden. Bei Aktivitéiten op der “Foire agricole” oder beim “Concours du meilleur juge” si mir gär dobäi. Awer och aner Aktiounen, wei déi vun “Landjugendpower” fannen bei äis groussen Uklang.

Comments are closed.