Éirepresidentschaft

EirepresidentenAn der Reunioun vum CA vun der ONG vum 15. Mee 2012 goufen den Abbé Leo Wagener a säi Virgänger, den Abbé Léon Kirsch eestëmmeg zu Éirepresidenten vun der ONG ernannt.

Mat dëser Ernennung drécken d’Membere vum CA deene fréiere Presidenten vun der ONG hir grouss Unerkennung aus, fir d’Aarbecht an d’Verantwortung, déi si iwwer Jorzéngten am Intressi vun der Entwécklungszesummenaarbecht vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer an Afrika gedroen hunn. Si hunn allebéid – mat grousser Kompetenz an Ausdauer  – d’Kontinuitéit vum Engagement fir déi mannerbemëttelt Landbevëlkerung an Afrika assuréiert.

Den Abbé Léon Kirsch huet d’Presidentschaft vun der ONG zënter der offizieller Konstitutioun vun der A.s.b.l. “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Tiers-Monde” (haut: Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.), den 9. Dezember 1984 bis an d’Joer 1991 gedroen. Et muss allerdings ervirgehuewe ginn, datt hien d’Entwécklungshëllef vun de LJB & JW scho vill  Jore virdrun a senger Fonktioun als Nationalaumônier vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer (vu 1970 un) an Zesummenaarbecht mat sengem Virgänger, dem Pater Henri Spoden s.j., geleet huet.

Den Abbé Leo Wagener huet d’Successioun un der Spëtzt vun der ONG am Joer 1991 iwwerholl an huet d’Fonktioun vum President de  27. Mäerz 2012  – an der Generalversammlung vun der ONG – un den Abbé Romain Richer ofgetrueden.

Hinne gëllt eise grousse MERCI.

 

Comments are closed.