E flotten Dag um Fond-de-Gras

Fir de Membere Merci ze soen, fir hiren alljäerlechen Asaz op der Foire Agricole, hunn d’Nationalcomitéë vun der Lëtzebuerger Landjugend an de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer e Sonndeg, de 15. Juni 2014 op de Fond-de-Gras invitéiert.

Ronn 60 Memberen hunn sech de proposéierten Tour an d’Minne mat der Bunn net entgoe gelooss. D’Mëttegiesse gouf am Café-Restaurant “Bei der Giedel” servéiert. Nomëttes stoung fir déi – déi mat Zäit u waren – nach en Tour mam Train 1900 um Programm. Déi aner hunn de Mëtteg op der Terrasse bei engem Pättchen ausklénge gelooss. (Fotoe: Remy Harpes, Franz Glodt)

LLJ

Hannerlooss eng Äntwert