Wonnerbar Ënnerstëtzung vun der Aktioun „100 Kassine fir de Burkina Faso“

Jeanny - 50te Gebuertsdag - 2Op der Feier fir hire 50. Gebuertsdag huet d’Madame Jeanny Janssen-Bakx vu Manternach op Cadeaue verzicht an hir Invitéeën dozou opgeruff, d’Aktioun „100 Kassine fir de Burkina Faso“ vun der ONG ze ënnerstëtzen. Bei där Geleeënheet konnt si déi impressionnant Zomm vun 2.300 € sammelen, déi integral an d’Produktioun vu Kassine fir d’Produzenten am Burkina Faso fléissen.

D’Aktioun „100 Kassine fir de Burkina Faso“

Bekanntlech ënnerstëtzt d’ONG vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer zënter Januar 2008 de lokale Partner Association Mains Unies du Sahel (AMUS) bei der Ëmsetzung vum Kooperatiounsprojet Centre Technique de l’Amélioration de la traction Asine (CTAA) zu Imasgo am Burkina Faso. An der éischter Phase vum Projet, déi sech bis den 30. Juni 2013 higezunn huet, goufe ronn 1.197 Baueren aus deene véier Comités Villageois de Développement (CVD) – Imasgo, Tiogo, Koalma a Sabouna – déi enk mam CTAA zesummeschaffen, am fachgerechten Ëmgang mam Iesel an dem Uspane vun der Kassin vu Moniteure vum Zentrum ausgebilt.

Tatsächlech kënnt dem Iesel bei der Optimiséierung vun der Aarbecht vun deenen einfache Bauere vum Plateau central vum Burkina Faso eng maassgeeblech Roll zou. Mat Hëllef vum wichtege Schaffdéier an dem adaptéierten Aarbechtsgeschir – der Kassin – ass et dem Produzent méiglech, fir méi grouss landwirtschaftlech Fläche mat manner Ustrengung an Zäitopwand ze bestellen an noweislech gréisser Erträg op de Felder ze erwirtschaften.

D’Kassin, déi liicht ze handhaben ass, ass vun der franséischer Associatioun PROMMATA (Promotion du Machinisme Moderne Agricole à Traction Animale) entwéckelt ginn, fir deenen einfache Baueren d’Aarbecht um Feld ze erliichteren. Et ka vu lokale Schmätt hirgestallt ginn a schaaft deemno zousätzlech Aarbecht fir d’Handwierker um Land.

Allerdings ass de Basismodell (125 €) mat deem néidegen Trident (40 €) an dem Kieler (7,50 €) – wat en Total vun 172,50 € (~ 115.000 CFA) ausmécht – fir d’Produzente schwéier ze bezuelen. Fir hinnen entgéint ze kommen, hunn déi Verantwortlech vum CTAA mat de Comités Villageois de Développement e Modell ausgeschafft, fir de Produzenten dëst Aarbechtsmaterial zur Locatioun unzebidden. De Baueren aus der Géigend vun deene véier Dierfer stinn am Moment 12 Kassinen zur Verfügung, fir hir Plantatiounen unzeleeën.

Mat der Aktioun 100 Kassine wëll d’ONG e weidere Schratt maachen, fir nach méi Produzenten d’Méiglechkeet ze bidden, fir op dat interessant Aarbechtsgeschir zréckzegräifen. D’Material vun de Produzente vun Imasgo, Tiogo, Koalma a Sabouna soll eropgestockt ginn a weidere Bauerenorganisatiounen – déi Interessi un de Formatioune vum CTAA gewisen hunn – soll d’Geleeënheet gebuede ginn, fir hire Memberen eng Kassin bei Bedarf zur Verfügung ze stellen.

Wann och Dir dës Aktioun – an deemno déi mannerbemëttelt Produzenten am Burkina Faso ënnerstëtze wëllt – kënnt Dir dat maache mat engem Don op ee vun de Konte vun der ONG-D:

Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.

CCPL: LU05 1111 0050 3083 0000
CCRA: LU32 0090 0000 0157 8004

mam Vermierk: Aktioun “100 Kassine fir de Burkina Faso”

(Är Done si steierlech ofsetzbar!)

E grousse Merci

Der Madame Jeanny Janssen-Bakx dréckt de Verwaltungsrot vun der ONG säi grousse Merci aus, fir dee wonnerbare Gest vu Solidaritéit mat de Produzenten am Burkina Faso!

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert