Bichermaart an Afrika-Fest fir déi gutt Saach vun de Schoulkanner vu Biissen

Scheck -Schoul Biissen 2014Flott Aktioune vun de Schoulkanner vu Biissen an Zesummenaarbecht mam Léierpersonal, der Gemeng Biissen an dem Fussballveräin

Den 11. Mee 2014 hunn d‘Schoulkanner vu Biissen op e grousse Bichermaart invitéiert, wou si hir gebrauchte Bicher ganz bëlleg ugebueden hunn. Si konnten op d‘Ënnerstëtzung vun hiren Elteren zielen, déi Kaffi, Kuch a Grillwurschte verkaf hunn. Och d’Léierpersonal war am Asaz an huet fir de Verkaf vum Gedrénks gesuergt. D’Gedrénks an d’Infrastruktur goufe vun der Gemeng gestallt; de Fussballveräin huet säin Zelt opgeriicht an der Schoul et fir deen Dag gratis zur Verfügung gestallt.

Déi sympathesch Aktioun gouf op d’Bee gestallt, fir verschidde Kooperatiounsprojeten an Afrika ze ënnerstëtzen. Den Erléis fléisst un d’Initiative vu „Partage Afrique“ vun der Madame Antoinette Scheidweiler-Recken an un d’Kooperatiounsaarbecht vun der ONG-D „Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.”.

Déi béid Associatioune si bekanntlech zënter laange Joren am Burkina Faso am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung aktiv. Bei „Partage Afrique“ läit den Akzent op der Ënnerstëtzung vun de Fraen; bei der ONG ass virun allem de lokale Bauerestand viséiert.

Grousst Afrika-Fest mat Scheckiwwerreechung de 14. Juli 2014

De 14. Juli 2014 huet d’Schoul vu Biissen dann zousätzlech e grousst Afrika-Fest organiséiert, wou d’Kanner hir Aarbechten, déi si am Laf vum Joer gebastelt haten, fir déi gutt Saach ugebueden hunn. Hei goufen d’Kanner vun eisem Frënd Marcel Scheidweiler ënnerstëtzt, dee fir si eng afrikanesch Häip gezammert huet.

Am Kader vun dësem Afrika-Fest gouf der Madame Antoinette Scheidweiler-Recken (Partage Afrique) an hirem Mann Marcel Scheidweiler (LJB & JW – Service Coopération a.s.b.l.) en offizielle Scheck vun 3.000 € iwwerreecht (Foto). Bedéngt duerch de grousse Succès vum Afrika-Fest, huet d’Schoul deene béiden Associatiounen tatsächlech jeeweils 2.250 € (Total vu 4.500 €) iwwerwisen.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG-D soe mir de Kanner, dem verantwortleche Léierpersonal, deenen Zoustännege vun der Gemeng Biissen, dem Fussballveräin an eisem Frënd Marcel Scheidweiler e ganz grousse Merci fir dës sympathesch Geste vu grousser Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso.

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert