E wonnerbare Gest vu Solidaritéit vum LGS-Grupp St. Laurent mat de Frae vu Soa am Kamerun

LGS LuerenzweilerEnn Juli 2014 hunn déi Verantwortlech vum Grupp St. Laurent vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten vu Luerenzweiler dem Abbé Romain Richer, President vun der ONG-D Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l., e Scheck am Wäert vu 1.700 € iwwerreecht.

Dës Zomm koum bei der traditionneller Ouschtereeër-Aktioun zesummen, déi all Joer vum lokalen LGS-Grupp fir e gudden Zweck organiséiert gëtt, fir domat d’Entwécklungszesummenaarbecht vu verschiddenen ONGen a mannerbemëttelte Länner ze ënnerstëtzen.

Deemno fléisst den Erléis vun der Aktioun, déi den 19. Abrëll 2014 realiséiert gouf, an de Kooperatiounsprojet, deen eis ONG-D am Moment mat de Schwëstere vun de Soeurs de Sainte-Marie vu Soa am Kamerun realiséiert.

Zënter laange Jore gehéiert d’Schwëstere-Communautéit vu Soa zu de Partner vun der ONG-D. Hei gouf an zwou Etappen an de Joren 2011 resp. 2012 en Dispensaire ausgebaut an equipéiert, fir der grousser Demande vun der Bevëlkerung nozekommen, fir hir medezinesch Versuergung ze garantéieren.

Am Februar 2014 konnten déi éischt Aarbechten un engem neie Fligel am Dispensaire an Ugrëff geholl ginn, deen ausschliisslech de schwangere Fraen an/oder de jonke Mamme mat hire Bébéen zur Verfügung stoe soll. Si solle getrennt vun de Kranken, déi am Dispensaire behandelt ginn, en charge geholl kënne ginn.

No der Realisatioun vum eestäckege Bau mat engem Espace fir Accueil, enger Salle d’accouchement, engem Aarbechtsraum, fënnef Eenzelzëmmer an zwee Gemeinschaftszëmmer, stinn de Fraen 13 Better a 7 Wéien zur Verfügung. D’Statioun gëtt mat deenen néidegen Instrumenter a Maschinnen equipéiert, fir d’Accouchementer an de Suivi vun de Bébéen ënner gudde Konditiounen duerchzeféieren. Dësweideren ass d’Uschafung vun enger Jeep virgesinn (Ambulanz). Alles an Allem beziffert sech de Projet op 236.732,44 €, vun deenen 2/3 vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministär iwwerholl ginn.

Am Numm vun de Frae vu Soa an der Schwëstere-Communautéit vu Soa, dréckt de Verwaltungsrot vun der ONG-D de Responsable vum Grupp St. Laurent vu Luerenzweiler e ganz grousse Merci aus, fir dee wonnerbare Gest vu Solidaritéit, deen si duerch hir flott Aktioun zum Ausdrock bruecht hunn.

 

LLJ – Service Coopération

Hannerlooss eng Äntwert