Landjugend-Power-Aktioun
36 Stonnen am Dingscht vun der Allgeméngheet
Zënter 2000 an am Rhythmus vun 2 Joer engagéieren sech déi 7 regional Landjugendgruppen vun der Lëtzebuerger Landjugend a.s.b.l. (LLJ-Cliärref, LLJ-Dikkrich, LLJ-Furen, LLJ-Maacher, LLJ-Süden, LLJ-Uewersauer, LLJ-Zenter) op benevoler Basis, fir e Projet am Intressi vun der Allgeméngheet ze realiséieren.
D’Grondiddi ass vum Bund der Deutschen Landjugend (BDL) iwwerholl ginn an un déi lëtzebuergesch Realitéiten ugepasst ginn. Si soll d’Fäegkeeten, den Dynamismus an d’Bereetschaft vun eiser Jugend, fir sech fir eng nëtzlech Saach anzesetzen, ervirhiewen.
Während der Aktioun, déi sech op 36 Stonne limitéiert, hunn d’Memberen aus de Gruppe vun der LLJ d’Aufgab, eng gemeinschaftlech Aarbecht duerchzeféieren, déi der lokaler Populatioun am ländleche Milieu zegutt kënnt. D’Aufgab, déi de Grupp fir déi respektiv Gemeng realiséiert, gëtt am Virfeld vun de Gemengeverantwortleche geplangt a preparéiert. Si bleift allerdéngs bis dee leschte Moment geheim. Dat néidegt Material an Handwierksgeschir gëtt de Gruppe vun den technesche Servicer aus der Gemeng zur Verfügung gestallt. D’Aktioun gëtt an deene meeschte Fäll mat der Inauguratioun a Präsenz vun de Gemengenautoritéiten a aneren Invitéen ofgeschloss.
An deene vergaangene Joren sinn ënner anerem folgend Aufgabe vun der LLJ gemeeschtert ginn: Uleeë vun engem Beach-Volleyball-Terrain, engem Arboretum, engem Léierpad, engem Léiergaart, vu Petanque-Pisten, Wanderweeër, Spill-, Grill- a Raschtplazen, Picknickhaisercher, Chaleten, den Amenagement vum Ëmfëld vun engem Monument, Restauratiounsaarbechten u Schoulen a Wäschbueren,…
D’Editioune vun de Joren 2000, 2002, 2004, 2006, 2008 an 2010 vun der Landjugend-Power-Aktioun goufen op regionalem Plang a verschiddene Gemenge vum Land vun deene respektive Landjugendgruppen duerchgefouert. Zousätzlech gouf am Joer 2005 an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Heischent beim Camping Fuussekaul e Mini-Héichseelgaart niewent deem bestoenden Héichseelgaart vun de Membere vun der LLJ während enger nationaler Aktioun opgeriicht.
Eng nächst Aktioun ass am September 2012 virgesinn.





