Zënter dem 26. Abrëll 2007 un der Spëtzt vun de LJB & JW
De Christian Hahn ass neie Prësident vun de
Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer

Zënter dem 26. Abrëll 2007 huet de Christian HAHN vu Rued (Réiden) d’Prësidentschaft vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer vu séngem Virgänger, dem Tom LEONARDY iwwerholl. Hien huet sech spontan bereet erkläert, op e puer Froen zu sénger neier Charge anzegoën.
Kuerz perséinlech Virstellung
Christian HAHN, gebuer den 23. September 1983, wunnt zu Rued (Réiden)
Schouleschen Ofschloss: 13e Technique agricole am LTA zu Ettelbréck 2002 – 2003
Memberschaft: Member vum Nationalkomitee vun de LJB & JW zënter 2003; Member vum Präsidium vun de LJB & JW; Member vum Aarbechtsgrupp Zuucht vun de LJB & JW; Vize-Prësident vum regionale Grupp Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – Zenter a.s.b.l.
Hobbien: Fussball (S.C. Ell), Poker

De Christian am Gespréich mam CEJA-Generalsekretär Arne Mielken an der Prësidentin vum Grupp Zuucht, dem Carmen Birkel, de 17. Mee 2007 um Landjugenddag zu Veinen
Verbandsspezifesch Virstellung
Als Member vum Nationalkomitee a vum Präsidium hues du sëcher déng Virstellungen vun deem, wat deng Aufgab als Prësident wäert sinn:
D’Leedung vum Verband vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer well ech a gudder Zesummenaarbecht mat dem Nationalkomitee a mat dem Präsidium duerchféieren. Doriwwer eraus striewen ech eng gutt an enk Zesummenaarbecht mat deene regionale Gruppen an dem Grupp Zuucht un.
Ech wäert mir Méih ginn fir ëmmer fir jiddfer Grupp een oppend Ouer ze hunn a fir hinnen – sou wäit et a méngem Kompetenzberäich steet – weider ze hellefen.
Watfir eng Akzenter wëlls du als Präsident an deene nächste Joren setzen?
D’LJB & JW sollen e jonken an dynamesche Verband bleiwen, dee säi Pëfferkär an der Agrarpolitik bäileet.
Ech sinn dofir, datt mir äis a Punkto erneierbar Energieën mat méi Drock bei der Politik asetze sollen. Ofgesinn dovunn, datt mir äis deenen aktuellen Erausfuerderungen a Punkto Klimawandel an Nohaltegkeet musse stellen, ass et wichteg, datt dëst neit Standbeen fir d’Landwirtschaft a Bauerenhänn bleift an dofir mussen elo schonn déi politesch Weiche gestallt ginn.
Wéi gesäis du et, fir Prësident vun enger Organisatioun ze sinn, déi zënter bal 80 Joer am Jugendberäich an op agrarpoliteschem Plang täteg ass?
Fir mech ass et eng grouss Éier, déi Fonktioun bei de LJB & JW däerfen unzehuelen an ech verspriechen, datt ech mäi Bescht well maachen, fir de Verband an deenen nächste Joren ze leeden.
Et ass fir mech wichteg, datt déi gutt Aarbecht, déi bis elo um agrarpolitesche Plang gemaach ginn ass, onbedingt weider gefouert gëtt. Zenter däer Zäit, wou ech bei de LJB & JW aktiv sinn, ass et mir ëmmer nees opgefall, datt bei deenen zoustännegen Instanzen op d’Meenung vum Verband Wäert geluegt ginn ass. Déi berechtegt Fuerderungen vun de LJB & JW sinn ëmmer nees op oppen Ouer gestouss an domat hu mir scho vill fir d’Akteuren an der Lëtzebuerger Landwirtschaft erreecht.
Et ass allgeméng gewosst, datt et haut vill méi schwéier ass, d’Memberen bei der Staang ze halen. Haut huet jiddereen vill Engagementer an dat wierkt sech negativ op d’Verbandsaarbecht aus. Wéi geséis du dat ?
Ménger Meenung no ass dat bei de LJB & JW net esou staarkt de Fall. Jiddereen dee sech op irgend eng Manéier fir de Verband asetzt, wees datt dat him selwer meeschtens och zegutt kënnt. Mir hunn eng ganz Rei Memberen, déi anerwäerts nach vill engagéiert sinn, mee wann ee si brauch, da sinn si ëmmer do. Vun dëser Plaz aus well ech dovu profitéieren, fir hinnen ee grousse MERCI fir hir Mathëllef auszespriechen.
Ech vu ménger Säit aus well probéieren, duerch eng gesond a gutt Mëschung vu fachspezifescher Aarbecht éngersäits a vu gesellegem Matenaner tëscht eisen eenzele regionale Gruppen anerersäits, eis Memberen bei der Stang ze haalen.
Wéi dénks du, datt d’Memberen kënne motivéiert ginn, fir datt d’LJB & JW och nach weiderhin hiere « Pëfferkäer » zu den aktuellen agrarpolitischen Themen bäidroe kënnen.
Duerch déi gutt Aarbecht aus deene bal 80 Joer Verbandsaarbecht vun de LJB & JW sinn um agrarpolitische Niveau vill staark Akzenter gesat ginn. Dat eleng ass scho Motivatioun genuch. Ech well awer kee Moment verpassen, fir eis Leit weiderhinn ze motivéieren, well mir och haut nach eist d’Wuert ze soen hunn a meeschtens dat néidegt Gehéier dofir fannen. Mir dierfen äis net op eise Lorbeeren ausrouen, mee mir mussen dru schaffen, datt dat och an deenen nächste Joeren esou bleift. Eis Meenung ass gefrot a muss och weiderhinn am Intressi vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft an déi agrarpolitesch Diskussiounen afléissen.
Am Joer 2009 féiert d’ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer- Service Coopération a.s.b.l.” hiere 50. Anniversaire. 1959 hunn sech déi deemoleg Verantwortlech vun de LJB & JW – ënner dem Impuls vum Pater Spoden – dozou verpflicht, sech aktiv fir d’Mënschen am ländleche Raum an Afrika ze engagéieren. Konkret Entwécklungszesummenaarbecht ass zënterhir bei äis en Thema a feste Bestanddeel vun eiser Verbandsaarbecht. Wéi stees du zu dësem Engagement?
Als laangjähregen aktive Member vum “Zenter” (Keessier, Vize-Prësident) ass d’Entwécklungshëllef vun de LJB & JW fir mech natiirlech ee Begrëff. Bekanntlech organiséiert eise Grupp am Zweejores-Rhythmus zu Folscht resp. zu Rammerech deen traditionellen Dag fir d’Entwécklungshëllef – dee mëttlerweilen Dag vun der Kooperatioun genannt gëtt – fir der ONG den Erléis vum Dag fir hir Entwécklungsprojeten an Afrika zoukommen ze loossen.
Als neien Nationalprësident stinn ech voll a ganz hannert deem Engagement, well dëst eng wichteg Saach ass. Mir kënnen an dierfen et net einfach akzeptéieren, datt déi meescht vun äis hei an Europa am Iwwerfloss liewen an et am 21. Jorhonnert nach ëmmer Milliounen vu Mënsche gëtt, deenen et um Néidesten feelt. Ech begréissen deemno och all d’Aktivitéiten, déi eis regional Gruppen an d’A faassen, fir d’ONG oder aner sozial Wierker am In- oder Ausland ze ënnerstëtzen. Am Nationalkomitee wäerte mir jiddefalls och an der Zukunft nach déi eng oder aner Aktioun plangen, déi der Aarbecht vun der ONG zegutt kënnt. Ech well vun dëser Geleeënheet profitéieren fir ze soen, datt mir d’Aarbecht vun eisem Aumônier, dee Prësident vun der ONG ass, ënnerstëtzen, sou gutt et äis méiglech ass.
Mir soen dem Christian ee grousse Merci fir séng Bereetschaft, op dës Froen ze äentweren a wënschen him vill Erfolleg a Satisfactioun bei der Ausübung vun séngem neien Engagement.





