Romain Richer

Nationalaumônier vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer a.s.b.l. zënter November 2011

 

E schéine Wee…

Zënter 2011 sinn ech den Aumônier vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren. Besonnesch an den éischte Jore vun engem Geeschtlechen heescht et vill plënneren. Stagen, Kaplounszäit a villes méi hu mech schonns e wéineg duerch d’Land bruecht. Parverband Beetebuerg – Hunchereng, Parverband Miersch, duerno e puer Joer zu Péiteng a Käerjeng an elo sinn ech zënter dem September 2019 Paschtouer an der Par „Ettelbréck – Saints Pierre et Paul“.

 

E roude Fuedem vu mengem Engagement ass awer vun Ufank un d’LLJ. „Mat grousser Freed hunn ech dës Aufgab ugeholl!“, esou hunn ech deemools a mengem éischten Artikel op eiser Homepage geschriwwen. An ech ka soen, datt déi Freed nach ëmmer do ass! Zesumme gi mir e Wee. Dëse Wee ass munchmol méi einfach, munchmol méi schwéier, ma et ass e Wee deen sech lount!

 

Vill gutt an engagéiert Memberen, eng super Equipe am Konvikt, eng lieweg ONG, vill interessant Iddien an eng wäertvoll Dynamik: all dat dréit dozou bei, datt mir gestäerkt an d’Zukunft kënne goen.

 

Ech soe Merci fir Äert Engagement an ech versichen och weiderhin esou gutt, wéi méiglech, fir Iech do ze sinn!

 

Ären Aumônier,

Abbé Romain Richer

 

Comments are closed.